Presentatioun vum Rapport vun der Sous-com- mission „Télétravail“ vun der Aarbechtskommissioun

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, och ech wëll op dëser Plaz als éischt emol all den Interessevertrieder Merci soen, déi mat eis en Echange gefouert hunn an eis hir Säit an hire Point de vue op den Teletravail duer- geluecht hunn.

Mir Piraten ënnerstëtzen den Ausbau vum Teletravail. Den Teletravail erspuert ville Leit Zäit, jo, d’Zäit vum Trajet fir op d’Aarbecht, déi gäre mol bei enger Stonn oder méi pro Wee läit. Doduerch hunn d’Leit méi Zäit fir d’Liewen doheem, fir hir Hobbyen, jo, fir hir Kanner.

Den Teletravail erméiglecht et, kleng Kommissiounen ze erleedege virun oder no der Aarbecht, wéi zum Beispill e Rendez-vous op der jeeweileger Gemeng.Den Teletravail reduzéiert d’Unzuel u Persounen, déi an d’Ballungsgebidder – an d’Stad, op Esch oder an d’Nordstad – schaffe ginn, wat indirekt zur Verkéiers- berouegung féiert.

Den Teletravail kann awer och d’Grenzen tëscht Aar- becht an dem Doheem verschwanne loossen. Dofir ass et gutt, datt d’Chamber hei viru Kuerzem den Droit à la déconnexion am Gesetz verankert huet. Den Teletra- vail suergt och fir Ongerechtegkeeten, well Residentë kënne mam Chef fräi hir Deeg verhandelen, wärend Frontalieren duerch bilateral Accorden an der Unzuel un Deeg ageschränkt sinn. Eng Hürd ass mëttlerweil e Stéck méi kleng ginn, well op EU-Niveau en Accord fonnt gouf, fir d’Sozialversécherung bis op 50 % vun der Aarbechtszäit ze erhéijen.

(Interruption par M. Georges Engel)

Jo, 49, genau, net 50 Prozent, ech hunn opgeronnt, Här Minister.

An och vun däitscher Säit koum jo haut – an dofir ass et schéin, datt mer haut den Debat kënne féieren – déi gutt Nouvelle, datt d’Unzuel vun den Deeg op 34 konnt gehéicht ginn. Dëst ass e ganz wichtege Schrëtt an et soll een och sécherstellen – an ech mengen, et ass och wichteg, dass mer dat an Zukunft sécherstellen –, d’Ongläichheeten a puncto Teletravail tëscht Resident- en a Frontaliere méi kleng ze maachen, well domadder reduzéiert een och Konflikter op der Aarbechtsplaz.

Laut der UEL sinn et 6 % vun de Betriber, déi de Fronta- lieren den Teletravail verbidden, wéinst ze villen admi- nistrativen Demarchen. An ech verstinn dat, et ass deelweis komplizéiert, wann een op eemol muss seng Salariéen an zwee Steiersystemer umellen, gléckle- cherweis elo warscheinlech net méi an zwee Sozialver- sécherungssystemer, respektiv kucken, wéini e wou muss ugemellt sinn. Mee dat féiert einfach zu Kon- flikter tëscht den Employéen. Ech selwer kennen dat aus menger berufflecher Tätegkeet bei engem Lëtze- buerger Grupp, deen awer zu ongeféier der Hallschent aus Frontaliere besteet. An do ginn allkéiers, wann erëm eppes ännert, Maile vum RH duerch de ganze Betrib, wou fir all eenzelne Salarié quasi aner Reegele gëllen, ob en dann elo zu Lëtzebuerg wunnt, ob en an Däitschland, an der Belsch oder a Frankräich wunnt. A wann een dat eng Kéier an engem mëttelstännesche Betrib, 100, 150 Leit, duerchdeklinéiert, ass dat im- mens vill Aarbecht. An dofir begréisse mer definitiv, datt een hei zu pragmateschen Accorde koum. Mee et muss een och weider déi Demarchë vereinfachen.

Här President, natierlech muss mat der Fro vum Home- office och d’Fro vum Dateschutz a vun der Privatsphär gekläert ginn, an dat op béide Säiten. Mir hunn eis jo schonn a ville parlamentaresche Froe mat där Fro be- schäftegt. Sou ass et jo zum Beispill esou, datt een als Aarbechter/in d’Recht huet, d’Kamera bei enger Video- konferenz auszeloossen, an dat muss och respektéiert ginn. Natierlech mussen d’Salariéen awer och derfir suergen, datt sensibel Donnéeë vum Betrib um Lap- top doheem protegéiert sinn. A fir vill Patrone war et am Ufank en Challenge, fir d’Apparater mam interne System vun der Firma ze verknäppen. Frot einfach eng Kéier d’Administratioun vun der Chamber, wéi séier dat huet misse goen a wéi komplizéiert dat war.

Deem Challenge muss een awer als Betrib gerecht ginn, well d’Leit fuerderen haut en Homeoffice. Laut enger Etüd, erëm vun der UEL, soe sech elo scho 40 % vun de Kandidat/innen net méi bereet, eng Plaz unze- trieden, wou manner oder keen Homeoffice méiglech ass. Well och dëst muss en Deel vun der Strategie

sinn, fir Lëtzebuerg als Wirtschaftsstanduert attraktiv ze halen. Dat hu scho bal d’Hallschent vun de Betriber erkannt a mir Piraten si sécher, datt déi Zuel weider wäert klammen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir Pira- ten fuerdere weider Verhandlungen, fir d’Unzuel un Deeg fir d’Frontalieren an d’Luucht ze setzen an esou Ongläichheeten an de Büroen ze verhënneren. Hei muss och ganz kloer gesot ginn, datt een um Punkt vun de Steierrecettë muss oppe si fir Verhandlungen, a fir näischt kritt een och héchstwarscheinlech näischt.

Et schafft awer net jiddereen um Büro, an dat ass mäi leschte Punkt, Här President, dofir ass et fir eis kloer, datt een och deene Leit muss entgéintkommen, déi keen Teletravail maache kënnen. Mir Piraten fuerde- ren dofir d’Erhéijung vun de Frais de déplacement vun 99 Euro pro Unitéit op 115 Euro pro Unitéit. Dat hate mer als Motioun hei schonn d’lescht Joer agereecht, mir hunn dat scho beim leschte Budget nach eng Kéier diskutéiert. Bon, et gouf zwee Mol refuséiert, mir blei- wen derbäi, well Lëtzebuerg muss och attraktiv bleiwe fir déi Leit, déi net kënne vun doheem schaffen an déi mussen op eng Aarbechtsplaz fueren, an dat 100 % vun hirer Aarbechtszäit.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a