Präsidiumssëtzung vum 20te Januar 2022
Ofwiesend an entschëllegt: Lucie
1) Bilan vum Exercice 2021
- 2021 ass schon baal färdeg gebucht, 99% si gemaach.
- Mir haten dat Joer genuch Eege-Recetten, esou dass mir keen Deel vun der Parteiefinanzéierung wäerten zeréck bezuele mussen. Den Detail wäert um Nationalkongress 2022 virgestallt ginn.
- Fir 2022 wäerte mir ee Budget mat konkrete Budgetsposten opstellen, fir d’Wahlen besser plangen ze kënnen.
- Gleichzäiteg sollen och d’Sektiounen e Budget kréien fir hier Wahlkampagnen. De Gilles na de Sven kucken mam Lucie fir dat ze maachen.
2) Gemengewahlen
An 12 Méint wëlle mir prett sinn, fir d’Gemengewalen 2023.
- Et gëtt e Retroplanning opgestallt.
Op Basis dovun man mir en Dashboard, fir ze kukken a wéi enge Gemenge mir nach wat man mussen. - Et ginn Annonce gemaach, wou Persounenen, déi op eng Lescht wëllen, sech kënnen drop mellen.
- Et gi Flyeren gemaach.
- D’Wahlmaterial gëtt iwwerpréift.
3) Formatiounen fir aktiv Memberen
- Nei aktiv Membere sollen e “Crashcour” ugebuede kréien, fir d’Inhalter vum Parteiprogramm méi no bruecht ze kréien.
4) Budget fir den HQ
- Et gouf decidéiert e Montant vu max. 5000 Euro ze investéieren fir am Büro zu Kopstal kleng Renovatiounen an Astandsetzungen ze maachen.Vott: jo.
5) Wéi steet et mat de Memberen
- Memberzuel geet an d’Luucht
- Déi nei Memberen si ganz motivéiert an et mellen sech och ëmmer méi Leit iwwer 50 Joer.
- Et gouf decidéiert nees e Budget ze hunn, fir deenen neie Memberen Welcome-Packages ze schécken.Vott: jo
6) Divers
- Den 21.02.22 ass eng nei Sëtzung vum Aarbeschtsgrupp Logement
- Eng Sëtzung vum Aarbechtsgrupp Aarbecht ass am Gaange geplant ze ginn.
0 Comments