PNR, PSC 2023

M. Marc Goergen (Piraten) | Här President, fir d’Fi- nanze kann ee vill verschidden Iddien a Virstellungen hunn, mee eppes vereent se: D’Geld muss do sinn, fir et kënnen auszeginn! An et ass net eist Geld, mee et ass d’Geld, wat d’Steierzueler erwirtschaft hunn.

D’Madamm Backes huet gëschter gesot, och dëse PSC a PNR stéingen erëm am Kader vu ville Poly- krisen. Dat ass richteg. Knapps waren déi schwéier Ëmstänn vu Covid iwwerstanen, koum d’Invasioun op d’Ukrain dunn.

Mir Piraten gesinn d’Zuelen aus dem PSC awer trotz- deem e bësse méi kritesch wéi d’Ministesch. Mee och mir gesinn d’Gefor vun dem Inflatiounsschock, wann d’Deckele vun den Energiepräisser bis géifen ewech- falen, an dat kéint no de Wale jo schnell de Fall sinn. Virun allem awer sinn d’Previsioune fir de PIB fir 2024 fir eis ze positiv. 3,8 % Wuesstum vum PIB, dat hale mir net fir realistesch, virun allem, wann den FMI nëmme vun 2,5 % ausgeet. Och d’Budgetsgesetz fir 2023, dat eréischt en halleft Joer al ass, also net al ass, huet d’Prozenter änlech niddreg ugesat.

D’Madamm Ministesch huet och gëschter gesot, dass d’FMI-Prognosen eng Warnung wieren, mee näischt direkt mat Lëtzebuerg ze dinn hätten. Do si mir ane- rer Meenung. Den FMI gëtt Previsiounen eraus fir eist Land an déi sollt een net ignoréieren, just well aner Instituter vläicht Zuele liwweren, déi engem méi agreabel sinn. De Statec huet a senger Nott vum Mäerz nach 3,2 % Wuesstum virausgesot, an inner- halb vun engem Mount sprange mer dann ëm méi wéi een hallwe Prozent an d’Luucht?

Falls d’Regierung also keng Erklärung huet, déi d’Enn vun der Invasioun géif virgesinn, da si mir Piraten der Meenung, dass déi diskutéiert Grenz vun 30 % vun der Staatsverscholdung wäert deemnächst

iwwerschratt ginn, dëst duerch eng falsch Virstellung bei der Croissance vum PIB an déi steigend Zënssätz, vun deenen och eis Staatsschold nun emol betraff ass, awer net just de Staat, mee och vill Privatleit, déi elo bezuele mussen, awer eréischt op der nächster Steiererklärung hire Kreditt verrechent kréien.

War Lëtzebuerg och eng Kéier den Zweetbeschten an der EU, wat eisen ze bezuelenden Zënssaz bei de Staatsscholden ugeet, sou wäert de Lëtzebuerger Staat elo méi déif an d’Täsch gräife mussen. D’Geld, wat mir als Staat wäerte mussen opbréngen, fir nëm- me just d’Zënsen zréckzebezuelen, wäert sech an den nächste véier Joer vervéierfachen. Och dëst ass e Käschtepunkt, mat deem virun engem Joer nach kee gerechent hätt, deen awer elo do ass, deen d’Staats- schold ferm eropdréckt.

500 Millioune bis Enn d’nächst Joer waren ugesat gi fir den Tripartitt-Accord 3.0. Kuerz nodeems den Accord gestëmmt war, huet d’Madamm Backes dës Zuel scho missen an engem 100,7-Interview no uewe verbesseren. Elo schwätze mer am PSC vu 760 Mil- liounen an do kommen d’Mesüre vun deenen Accorde virdru jo nach derbäi. Mir Piraten rechne mat 1,7 Milliarde fir all d’Mesüren, déi d’Regierung mat deenen dräi Accorde geholl huet. Dëst verbonne mat de PIB-Previsiounen, déi ze héich ugesat sinn, domat wäerte mer déi 30 %-Scholdemark duerchbriechen.

Mir kënnen net novollzéien, wéi een am selwechten Dokument ka soen, dass d’Wirtschaft an der ganzer Eurozon soll ëm 1,8 % wuessen, mee zu Lëtzebuerg awer dervunner kann ausgoen, dass mer bal en duebel esou héije Prozentsaz wäerten erreechen. Mir hätten eis do eng méi virsiichteg Finanzpolitick ge- wënscht. Dat ass mat dësem PSC awer net de Fall. Mir kënnen nëmmen hoffen, dass d’Kristallkugel vun der Regierung Recht behält, well soss huet se der nächs- ter Regierung hei op jidde Fall e grousst Ee an d’Nascht geluecht an och eise Kanner an de Jonke vun haut.

Här President, dann eriwwer zum PNR. Mir Piraten musse feststellen, dass de PNR an de leschten zwee Joer ferm u Substanz agebéisst huet. Waren am PNR 2021 nach Mesüren a puncto Energie, Logement an Digitalisatioun nozeliesen, mat klore Budgetsposten, esou ass dat an deene leschten zwee Joer ëmmer manner ginn. De PNR gëtt ëmmer méi zu enger Usammlung vu Projeten, déi scho laang ëmgesat oder beschloss gi sinn. Santé, Logement, Educatioun, Digitalisatioun, all Minister a Ministesch däerf hire Best-of vun de leschte Joren draschreiwen. Et gi kaum nach Virschléi oder konkreet Propose fir 2023 oder 2024.

Fänke mer u mat der Formatioun an der Ëmschou- lung. Hei gëtt erëm eng Etüd ofgewaart, fir Pro- blemer unzegoen, déi mir schonn all kennen. Dat, wat d’OECD Lëtzebuerg hei attestéiert huet, ass, dass eis qualifizéiert Leit feelen, dass mer vill Schoulof- briecher hunn. Dat wousste mer schonn. An awer muss de Skillsdësch hei nach op Basis vum Text vun der OECD Fuerpläng ausschaffen, fir da konkreet Aktiounen auszeschaffen.

Fir eis Piraten ass kloer, dass hei Offere fir Leit, déi mat niddregen Diplomer op den Aarbechtsmarché kommen, mussen ausgeschafft ginn, well Etüde wei- sen, dass vun de Formatiounsoffere meeschtens déi Leit profitéieren, déi scho gutt forméiert sinn. Wie keng Formatioun huet, kritt also och keng weider, wärend e Bac+5 zum Beispill nach ëmmer méi Chan- cen um Marché kritt. Wann d’Projete vun der Regie- rung also herno an déi Richtung ginn, kënne mir Piraten se ënnerstëtzen (veuillez lire: kënne mir Piraten se net ënnerstëtzen).

Wann een nei Leit unzéie wëllt, fir hei ze schaffen, mécht een dat net duerch eng Reduktioun vun der Aarbechtszäit, mee mat enger méi fairer Steierpoli- tick, fir dass ee méi vu sengem Gehalt iwwregbehält, wann ee schaffe geet.

Här President, vun der Formatioun bei d’Energie- an Ëmweltpolitick vun der Regierung. Mir Piraten fannen net, dass en Naturpakt hei an de PNR gehéiert, well no zwee Joer ass hei nach net ofzegesinn, wat den Effekt vun de Mesüre wäert sinn.

Mir begréissen, dass bis 2030 all d’Gefierer beim Staat sollen emissiounsneutral sinn. Ech hat an deem Kontext och schonn eng Rei parlamentaresch Froe gestallt a bis elo si mer der Meenung, dass d’Regie- rung do nach net um gudde Wee ass.

Wéi de Mobilitéitsminister mir nämlech an enger Äntwert vum Dezember geschriwwen huet, läit fir d’Joer 2022 d’Moyenne vum CO2-Ausstouss vum Fuerpark vun de Regierungsmemberen aktuell bei 65 Gramm CO2 um Kilometer bei nëmme véier Elektro- autoen am Fuerpark vun eiser Regierung, déi awer hei mam gudde Beispill misst virgoen. Hei gëtt et also nach ganz vill ze maachen.

Da si mir natierlech och derfir, dass de Reseau vun den Elektrobornen ausgebaut gëtt an de Betriber souwéi Privatleit, déi wëllen op Elektro ëmklammen, finanziell gehollef soll ginn. Hei muss séier geschafft ginn, well ouni eng gutt Offer u Bornen ass den Elek- troauto fir vill Leit einfach net interessant genuch.

Weider dann zu engem ganz wichtegen Theema, dem Logement. D’Finanzministesch sot gëschter, dass si prett wier, fir alles derfir ze maachen, d’Logementspro- blematik an de Grëff ze kréien. Dovunner gesäit een am PNR awer net vill. Hei ginn ëmmer an ëmmer erëm déi selwecht Projeten ernimmt: Elmen, „Wunne mat der Wooltz“. Jo, déi Projete si gutt, si sinn awer och schonn zum honnertste Mol ernimmt an ageweit ginn.

(Interruption)

Mee wann déi Projeten déi eenzeg sinn, wäert dës Regierung alljoers an hirem PNR déi erëm am Budget opweisen. Dat weist dann, dass d’Logementskris nach ëmmer net seriö genuch geholl ginn ass. Amplaz ëm- mer erëm vun deene Saachen ze schwätzen, déi scho laang beschloss sinn, sollt een u sech als Regierung hei dës Plattform notzen, fir nei Saachen ze presen- téieren. Mee d’Regierung schéngt hei net vill Neies a puncto Logement virweisen ze kënnen, ausser dem Projet vum neie Mietgesetz, deen hei stolz ernimmt gëtt, deen awer net emol ënnert de Koalitiouns- partner eng Majoritéit kritt.

Am Logement muss d’Steierpolitick fir dat eegent Doheem iwwerschafft ginn. Fir eis soll de Bëllegen Akt um éischten Haus komplett entfalen.

Wann een dann iwwert de Pacte Logement2.0 schwätzt, da wëlle mir Piraten op dëser Plaz nach eng Kéier kloer soen, dass dëse Projet an eisen Aen net wäit genuch gaangen ass. Mir wollten 30 % aborda- bel Wunnengen an net 20 %. D’Effekter vum Pacte Logement sinn och elo nach guer net ofzegesinn a si sinn dofir och just Plazopfëller fir 260 Säite PNR.

A wa mer vu Punkte schwätzen, déi just an dem PNR stinn, fir d’Säiten ze fëllen, da loosst mech hei e puer Saachen opzielen, déi näischt am PNR 2023 ze sichen hunn, zum Beispill eng CovidCheck-App, déi iwwer ee Joer scho keen Theema méi ass, oder de Kampf géint de Covid-19-Virus, wou en Dokument iwwer 2020 bäi- geluecht ginn ass, oder de Reclassement profession- nel, deen 2016 beschloss ginn ass.

An dann nach all déi Projeten, wou e kloert Versoen ass, wou sech hei profiléiert gëtt, zum Beispill d’Assis- tance à l’inclusion dans l’emploi, déi nach vu kengem

mercredi 26 avril 2023 16 | 17 Eenzege bis elo genotzt ginn ass, d’Prime énergie an

d’Allocation de vie chère, wou esou vill Leit, déi se ze- gutt hunn, se net kréien, well se eeben net auto- matesch ausbezuelt gëtt, oder d’Mietgesetz, dat vun alle Säite kritiséiert gëtt.

An da gëtt et nach Projeten, déi sech gutt unhéieren, wou awer nach keen dobausse wierklech eppes der- vun héieren huet: D’Fuerschung vun der Kommunika- tioun iwwert d’Quantentechnologie, wou mir, wann een de PNR liest, scheinbar wëllen eng Leaderroll iw- werhuelen; eng App fir Teleconsultatiounen, wou den Dokter ka vum Patient iwwer säi Gesondheetszou- stand um Lafende gehale ginn. Dat wär gutt, mee anscheinend ass déi awer wéinst Covid op onbe- stëmmten Zäit verlagert ginn.

Här President, e Plang fir d’Zukunft ass dëse PNR net wierklech. Et handelt sech ëm eng Zesummefaassung vun opgeschlësselten an ugefaangene Projeten. Lëtzebuerg brauch awer méi Léisunge fir haut a muer. Et dierf net just „Weider esou!“ heesche bis d’Walen. Mir brauche weiderhin ambitiéis an zäitno Léisunge fir d’Klimakris, d’Logementskris an och all Präisdeierecht souwéi d’Sécherheet an Europa.

Eis Biergerinnen a Bierger verdéngen e bessere Pro- gramme de réforme wéi deen, deen dës Woch hei presentéiert ginn ass. Merci.

Zesummenhang posts

Context: Etat de la nation 2024 D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: Datt eng Réi Mesuren nom Logementsdësch der Chamber proposéiert gi sinn. Dës
Context: Etat de la Nation 2024 D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: Déi viregt Regierung sech d’Zil gesat hat, datt bis 2030 solle 50
De Plan d’action national pour la promotion des droits des personnes LGBTIQ vun 2018 hält fest, dass eng reegelméisseg Evaluatioun vun der Ëmsetzung vum