Pirate kämpfe géint Chatcontrol

Published by Carole on

D’Piraten hunn haut eng Aktualitéitsstonn zum Thema Chatcontrol an der Chamber ugefrot.

D’EU wëll all Ubidder vun engem Email-, Chat- oder Messenger-Service zwéngen, d’Noriichte vu senge Benotzer systematesch an automatiséiert ze duerchsichen, fir illegal Inhalter ze fannen.

Déi Kriminell wäerten op Plattformen ausserhalb vun der EU wiesselen oder sech an den Darknet zeréck zéien. Wat da bléift, sinn europäesch Plattformen, déi vun onschëllege User weider benotzt ginn an awer en erhiefleche Sécherheetsrisiko fir d’Privatsphäre vun all Eenzelem duerstellen.

Wann d’Plattformoperateuren Techniken mussen erfannen, fir all d‘Message kënnen ze duerchsichen, da kënnen dës Outilen och vu Geheimdéngschter an Hacker mëssbraucht ginn.

D’Pirate soen dofir kloer:

Nee zur Ofschafung vum digitale Bréifgeheimnis! = Nee zur Chatcontrol!


0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.