Personalproblemer beim Projet Esch2022

Eis Gemeng hëlt um Projet Esch2022 Deel a wéi d’Press beriicht, schéngt et am Moment erëm Personalproblemer bei der Equipe vum Projet ze ginn. An engem Pressecommuniqué vum 20te Mee 2020 schreift Esch2022:

„De plus, l’équipe est renforcée grâce au soutien de partenaires externes, surtout des employés du Service culturel des communes, mais aussi des porteurs de projet.“

Esou wéi den Artikel 25 vum Gemengegesetz et virgesäit, hu mir dem Schäfferot an deem Zesummenhang folgend Froe gestallt:

1. Wei ass de „service culturel“ an der Gemeng Péiteng opgestallt?

2. Wei eng weider Aufgaben wäerten no dësem Personalwiessel am Esch2022 op d‘Gemeng Péiteng zoukommen?

3. Ass duerch de Méiopwand fir de Projet Esch2022 virgesinn, fir de Service culturel an eiser Gemeng personell opzestocken, fir d’Realiséierung vum Projet z’erméiglechen a gläichzäiteg dofir ze suergen, dass d’Kulturaktivitéiten zu Péiteng net ze kuerz kommen?

4. Wei vill wäert eis Gemeng fir Joren 2020, 2021 an 2022 fir de Projet Esch2022 bezuelen?

Zesummenhang posts

D’Situatioun um Wunnengsmaart huet sech an deene leschte Joren immens geännert. Zënter der Invasioun vun der Ukrain, der uschléissender Inflatioun an der Erhéijung vun
Wärend der Covid-19-Pandemie huet een erausfonnt, dass ee vill Zäit a Ressourcë ka spueren, andeems ee Reuniounen iwwert Videokonferenz ofhält. Esou goufe wärend der
An der Press gouf bericht, datt den US-amerikaneschen Entreprise SpaceX en Accord mat der indescher Firma vum Milliardär Mukesh Ambani ënnerschriwwen huet, fir de