Parlamentaresch Fro zu de Strukture fir Demandeurs a Beneficiaires de protection international

Vill Demandeurs a Beneficiaires de protection international mussen an ëffentleche Strukture wunne bleiwen, well et fir si onméiglech as um lëtzebuergesche Wunnengsmaart ee bezuelbare Logement ze fannen.

Am Folgenden fannt der den Text zu eiser Fro:

“A ville Gemenge sinn iwwert déi lescht Joer nei Strukturen opgaange fir Demandeurs a Beneficiaires de protection international (DPI a BPI) en Ënnerdaach ze bidden. Obwuel et all BPI fräisteet sech eng eege Wunneng ze sichen, soubal de Status als unerkannte Flüchtling ausgestallt gouf, musse vill Betraffener an den ëffentleche Strukture bleiwen, well si um lëtzebuergesche Wunnengsmaart kee bezuelbare Logement fannen.


An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Wéi vill DPI a wéi vill BPI hunn – opgeschlësselt no Gemeng a Joer – säit 2015 an esou enger Struktur gewunnt? Wéi vill DPI a wéi vill BPI hunn op den 1. Januar 2019 – opgeschlësselt no Gemeng – an esou enger Struktur gewunnt?
  • Ween ass – opgeschlësselt no Ariichtung – de Gestionnaire vun de jeeweilege Strukturen?
  • No wéi enge Kritäre ginn d’DPI op déi eenzel Strukture verdeelt?
  • Wéi vill Loyer muss en BPI am Duerchschnëtt – opgeschlësselt no Ariichtung – fir seng Ënnerbréngung bezuelen?

Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député”

Zesummenhang posts

An der Gemeng Waldbëlleg ass zu Haler e Mobilfunkmast vun 42 Meter Héicht opgestallt ginn, ouni datt d’Bierger am Virfeld adequat informéiert gi wieren.
Wéi d’WORT an engem Artikel vum 18te Mäerz 2026 beriicht, sinn de fréieren MUDAM-Direkter zesumme mat senger Fra am Kader vun enger Geriichtsaffär zu
Wéi d’Tageblatt an engem Artikel vum 27te Mäerz 2026 thematiséiert, huet de Premierminister sech an der Ëffentlechkeet positiv iwwert de Paperjam geäussert an domadder