Parkplaze fir Persoune mat Handicap

Mam Gesetz vum 7. Januar 2022 iwwert d’Accessibilitéit goufen eng ganz Rei Krittäre festgehalen, déi an Zukunft mussen erfëllt ginn, fir Persoune mat Handicap en Accès zu ëffentleche Plazen a Gebaier ze garantéieren.
An Zukunft mussen z.B. “au moins une place de stationnement automobile par bloc entamé de vingt places, et au-delà de cent places, […] une place par bloc de cent places” virgesi sinn. Esou ass geséchert, dass Persoune mat Handicap speziell Parkplazen op ëffentleche Parkingen zoustinn.
Grad an de Stied ginn et awer eng Rei Gebaier, déi guer kee Parking hunn. Hei gëtt et keng Obligatioun, fir virun der Dier awer e puer Plaze fir Persoune mat Handicap virzegesinn. Fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit, kann dat e grousse Problem duerstellen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Bei wéi ville staatleche Gebaier, déi Servicer fir de Public ubidden, gëtt et zum aktuellen Zäitpunkt keng Parkplaz fir Persoune mat Handicap am Gebai oder direkt virun der Dier?

  2. Wéi vill Parkplaze fir Persoune mat Handicap si virgesi beim Bau vun der neier Cité de la sécurité sociale?

  3. Wat mëscht d’Regierung, fir d’Accessibilitéit op Plazen, wou et keng Parkplaze gëtt, fir Persoune mat Handicap ze verbesseren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5556

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene