Wat feelt genau u Medikamenter zu Lëtzebuerg?

Nodeems de Gesondheetsministère op d’Fro n°4045 keng richteg Äntwerte ginn huet, hunn d’Piraten décidéiert nach eemol nozefroen. An der Äntwert op meng Parlamentaresch Fro n°4045 huet d’Gesondheetsministesch erkläert: “Am Joer 2020 krut d’DPM am Duerchschnëtt 50 bis 60 Notifikatioune pro Mount iwwer Indisponibilitéite vu pharmazeutesche Spezialitéiten, déi vu Firmen deklaréiert Read more…

De Klimabilan vun der Cargolux

D’Cargolux feiert 2021 hiert d’50järegt Bestoen. 2020 huet Cargolux  ee Rekordbenefice vun iwwer 630 Milliounen Euro konnten erzielen. Dëst ass op eng vergréissert Unzuel un Transportflich zréck ze féieren. Déi momentan sanitär Kris huet der Fluchgesellschaft also net geschuet. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Huet Read more…

Redressementer vum CNAP

Am Fall wou engem Employé oder enger pensionéierter Persoun hir Steierkaart am Laf vum Joer wiesselt, ass den Employeur gehalen, fir e Recalcul ze maachen, fir esou de betraffene Persounen hiert Geld auszebezuelen, ouni datt dës op eng Steiererklärung oder en Decompte musse waarden. Heifir kann en Employeur zum Beispill Read more…

Kontrakt mat privater Sécherheetsfirma verlängert

D’Stater Gemeng huet ugekënnegt, d’Verträg mat enger privater Sécherheetsfirma bis de 15ten November ze verlängeren. De Notze vun de private Sécherheetsfirmen ass net onëmstridden. Dowéinst haten d’Justizministesch an de Minister fir bannenzeg Sécherheet an hirer Äntwert d’der parlamentarescher Fro n°3574 erkläert :   “De Justizministère huet am Kader vun der Read more…

Fairtrade Kleedung beim Staat

Cartias, Fairtrade Lëtzebuerg an de Kooperatiounsministère hunn d’lescht Woch nach eemol d’Campagne “Rethink your clothes” lancéiert. D’Zil vun dëser Campagne ass et, fir d’Leit ze motivéieren méi sozialen an ëmweltfrëndleche Kleeder ze kafen . Esou soll géint Zwangs- a Kanneraarbecht an den Textilfabricke virgaange ginn. An deem Zesummenhang hu mir Read more…