De Julian Assange däerf net ausgeliwwert ginn !

D’Piratepartei condamnéiert kategoresch d’Decisioun vun der Londoner High Court of Justice vum leschte Freiden, d’Ausliwwerungsverbot vum australesche Whistleblower Julian Assange opzehiewen. Wann den Assange ausgeliwwert géif ginn, wär dat e ganz schlëmme Coup fir d’Pressefräiheet an fir en onofhängegen investigative Journalismus. Net nëmmen datt him iwwer 100 Joer Prisong droen Read more…

Réckbléck op d’parlamentaresch Aarbecht vum Mount Oktober

Ahoi, Am vergaangene Mount goufen et dräi besonnesch wichteg Dossieren an der Chamber: D’Ried zur Lag vun der Natioun, den Depot vum Budget 2022 an den éischte Vott vum 1. Projet vun der Verfassungsreform. Hei ënnendrënner informéiere mir iech iwwert d’Detailer vun der parlamentarescher Aarbecht vun de Piraten aus dem Mount Oktober. D’Ried zur Lag vun der Natioun ass ëmmer Read more…

Réckbléck op d’parlamentaresch Aarbecht vum Mount September

D’Schoul ass nees un an et gëtt erëm méi kaal. Den Hierscht ass ënnerwee. Hei ënnendrënner informéiere mir iech iwwert d’Detailer vun der parlamentarescher Aarbecht vun de Piraten aus dem Mount September. Wéi ëmmer leie bei enger Rei parlamentaresche Froe schonn d’Äntwerte vun der Regierung vir a bei aneren nach net. D’Äntwerte ginn ëmmer op der Säit vun Read more…

Personaliséierten Newsletter

Du wëlls um lafende bléiwen iwwert dat, wat  d’Piraten esou schaffen? Da mell dech un fir eise personaliséierten Newsletter! Wiel déi Themen aus, iwwert déi s du wëlls informéiert ginn – egal op 10 oder nëmmen 1 – a bleif um Courant! Oder hues du villäicht schonn den Newsletter abonéiert  a Read more…

Réckbléck op d’parlamentaresch Aarbecht vum Mount August

Mir hoffen dir hutt  d’Summerméint genoss a sidd erholl fir d’Rentrée am September.   Hei ënnendrënner informéiere mir iech iwwert d’Detailer vun der parlamentarescher Aarbecht vun de Piraten aus dem Mount August. Well d’Chamber iwwert de Summer zou war, goufe keng Gesetzer gestëmmt wärend dësem Mount. Trotzdeem hu mir vill geschafft, esou dass dir hei eis Communiquéen a parlamentaresch Froe fannt. Wéi ëmmer leie bei enger Rei parlamentaresche Froe  schonn  d’Äntwerte vun der Regierung vir a bei aneren   nach net. D’Äntwerte  ginn ëmmer op der Säit vun der Fro ënnert dem Text verlinkt, soubal dës virleien. Wann dir Read more…

Verfeelten Akafspolitik: Ministère blockéiert den Asaz vum medezinesche Cannabis

D’Gesondheetsministesch hat an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun de Pirate gesot, dass een neie Fournisseur fir medezinesche Cannabis fonnt ginn ass. Leider wäerten déi bestallte Quantitéiten, wéi sech elo gewisen huet, awer definitiv net duergoen, fir all d’Patiente bis d’nächst Joer ze versuergen. D’Patiente kënne soumat weiderhin net Read more…