Resolutioun: Den Sozialdialog als laangjäreg Traditioun – Piraten wëllen d’Zivilgesellschaft méi abannen

D’Piraten hunn eng Resolutioun an der Chamber deposéiert. D’Pirate froen am Kader vun der Coronakris, datt ee “Rapport spécial crise” soll vun de concernéierte Chamberkommissiounen ausgeschafft ginn , deen doropshin an enger “Audition publique”, zesumme mat der Zivilgesellschaft diskutéiert gëtt. Op dësem Wee kéinten zesummen déi bescht Léisunge fir eist Land fonnt ginn, dat an Read more…

Präsentatioun vun de COVID-19-Prognosen an der Santéskommissioun

D’University of Luxembourg huet verschidde Szenarien vum Déconfinement duerchgerechent an och verëffentlecht. De Moien hu mir beim President vun der Chambre des Députés Grand-Duché de Luxembourg gefrot, datt dës Resultater der Chamberskommissioun fir Gesondheet presentéiert ginn an do kënnen diskutéiert ginn.

Grad bei Pandemien ass et wichteg Entscheedungen op Basis vu wëssenschaftlechen Analysen a Fakten ze huelen!

(more…)

Méi direkt Demokratie woen – E Biergerrot fir Lëtzebuerg mat Leit wéi s Du an Ech

D‘Politik méi no un d Biergerinnen a Bierger bréngen an d’Leit endlech an der Politik matdiskutéieren loossen. Dat ass d’Zil vum Biergerrot.

Per Lous ginn Leit aus der Bevëlkerung gezunn, déi dann iwwert e bestëmmt Thema Léisungen fir d‘Land ausschaffen. Dës Léisungen ginn dann dem Parlament virgeluecht.

Um Samschdeg den 9. Mäerz war d’Piratepartei zu EUPEN an der Belsch, fir sech iwwert de Biergerrot, deen do agefouert gouf, ze informéieren. Am Kader vun enger Pressekonferenz am Parlament vun der „Deutschsprachigen Gemeinschaft“ gouf d’Aarbecht vum Biergerrot erkläert an et goufen Iddien ausgetosch.

Weiderliesen

Replik zur Lag vun der Natioun 9.10.2019

M. François Bausch,Ministre de la Mobilité et des Travaux publics.-Merci, Här President. Ech wollt den Här Clement eppes froen. En huet ons elo hei eng Motioun deposéiert, déi ganz interessant ass, mat där ech elo eigentlech kee Problem hunn, wou ech en och wëll drop hiweisen, datt dat, wat an där Motioun hei verlaangt ass …, wann e sech kann erënneren, ass am Mee bei der Debatt ronderëm de Klimaplang ganz kloer vun der Ministesch hei matgedeelt ginn, datt d‘Regierung natierlech wëllt fir de Stat an natierlech och fir d‘Regierung selwer a puncto zum Beispill Déngschtreese kucken, datt Certificaten agefouert ginn, fir datt dat kompenséiert gëtt, wat d‘Regierung flitt. Also duerfir laaft Der hei oppen Dieren an.

Weiderliesen

Dem Sven Clement seng Äntwert op dem Premier seng Ried zur Lag vun der Natioun

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

Och eis Gedanke sinn um haitegen Dag beim Felix Braz a senger Famill a mir wënschen him vill Kraaft an dass hien erëm schnellstméiglech op d’Been kennt. 

D’Piraten hunn elo wärend engem Joer Erfarungen am Parlament konnte sammelen a mir hunn eis mëttlerweil an eiser Roll als Oppositiounspartei mengen ech gutt agelieft. Mir wëllen eng konstruktiv a kompromëssbereet Politik maachen.

Weiderliesen

Ried iwwert Digitaliséierung a gratis Wifi a Lëtzebuerg

Debatt iwwert d’Digitaliséierung vu Lëtzebuerg

M. Marc Goergen(Piraten).-Merci, Här President. Mir Piraten freeën eis, dass dat wichtegt Thema vun der Digitalisatioun haut diskutéiert gëtt, well wuel bal jiddwereen a sengem Liewen vum Digitale betraff ass. Dat huet een och den Owend un de Message gemierkt, déi ronderëm gaange sinn, wéi op eemol Facebook, WhatsApp oder Instagram net méi goungen, an d’Leit sech opgereegt hunn, dass dat digitaalt Liewen awer e bëssen agefall war – nenne mer et emol esou – an engem Owend, well déi sozial Medien net méi esou gaange sinn, wéi een dat gewinnt war.

Weiderliesen