Präiserhéijunge bei der SNCT

Wéi op der Website vun der SNCT publizéiert, sinn d’Präisser vum Contrôle Technique an d’Luucht gaangen. Esou ginn innerhalb vun engem Joer den Dreifstoff an de Contrôle Technique méi deier. D’Pirate stelle fest, dass déi Erhéijunge gutt an déi aktuell Anti-Auto-Politik vun eiser Regierung passen. Dofir hu mer dem Minister fir Mobilitéit Read more…

Big brother is watching you: Staatstrojaner zu Lëtzebuerg?

D’Piraten hunn de Ministere fir Verdeedegung, Bannenzeg Sécherheet & Kommunikatioun a Medien eng parlamentaresch Fro iwwert d’Benotzung vu Staatstrojaner am Kontext mat Zero-Day-Schwaachstelle gestallt. Eis Positioun heizou ass kloer: mer Piraten si gänzlech géint d’Ausnotze vu Schwaachstellen duerch Trojaner. Mer veruerteelen d’Ausnotzung vu Zero-Day-Schwaachstellen ob Hacker oder Staat. All ëffentlech Instanz huet et Read more…

Ontransparent Angeboter an der Telekommunikatioun. Wéi d’Läit besser opklären?

D’Piraten hunn der Ministesch fir Konsumenteschutz eng parlamentaresch Fro iwwert d’Transparenz bei Angeboter an der Telekommunikatioun gestalt. Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro: A ville Beräicher, mee haaptsachlech am Beräich vun der Telekommunikatioun gëtt et ëmmer méi üblech, datt Abonnementerugebuede ginn, bei deenen ee wärend den éischte Read more…

Pfandbréiwer an erneierbar Energien. Eng Kombinatioun, déi et gläich net méi gëtt?

D’Piraten hunn de Ministere fir Energie & Finanzen eng parlamentaresch Fro iwwert eng bevirstoend EU-Harmoniséierung iwwert gedeckten Scholdverschreiwungen gestalt. Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro: Säit der Ännerung vum 22. Juni 2018 vum Gesetz vum 5. Abrëll 1993 kennen zu Lëtzebuerg dem Artikel 12-1 entspriechend net nëmme Prêten, déi duerch Immobilien, mee Read more…

Kontakt ophuelen mat staatleche Servicer. Wann den Telefon schellt a schellt…

D’Piraten hunn de Ministere fir Administrativ Reform & Ëffentlechen Déngscht eng parlamentaresch Fro iwwer d’Kommunikatioun mat staatleche Servicer gestalt. Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro: Heefeg si Bierger a Betriber op Informatioune vu staatleche Servicer ugewisen, déi zumindest informell kéinte kuerz a knapp iwwer Telefon beäntwert ginn, ouni Read more…

D’Kommunikatioun mat de Bierger

D’Piraten hunn dem Minister fir Finanzen, eng parlamentaresch Fro iwwert d’administrativ Sprooch gestallt. Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro: Am Gesetz vum 24. Februar 1984 iwwert de Sproochenasaz steet: “Lorsqu’une requête est rédigée en luxembourgeois, en français ou en allemand, l’administration doit se servir, dans la mesure Read more…