Orientéierungsdebatt iwwert d’Zukunft vun Europa

Sven Clement:
Här President, Leif Kolleeginnen a Kolleegen,
Wéi ech dës Ried leschte Méinde schonn ugefaangen hat mat preparéieren. War d’Welt awer nach bëssen eng aner an ech hat mir och liicht aner Punkten Opgeschriwwen, wéi déi, iwwer déi mir haut de Mëtte scho geschwat hunn an och déi, déi d’Zukunft vun Europa u sech betreffen.
Mee ier ech op d’Aussen- an Verdeedegungspolitik nach eng Kéier aginn, e puer Wierder dir d’éischt mol iwwer d’Form vun der Konferenz. D’Kolleeginnen an d’Kolleegen hunn et jo scho gesot. Am Mee 2021 war de grousse Startschoss a mir haten en Zil, d’EU de Mënschen méi no ze bréngen.

An dem Kader gouf eng digital Plattform lancéiert an all de Memberlänner hunn méi kleng a méi grouss Evenementer iergendwéi stattfonnt.
An dat eben och zu Lëtzebuerg.
An natierlech huet d’Pandemie dëse Projet e bëssen ausgebremst. Am Wanter 2021 ware keng Evenementer sur place méiglech, dat digitaalt ass erëm an de Virdergrond geréckelt.
An trotzdeem, dat muss ee soen, trotz och dem Drock iwwer dee mir scho geschwat hunn, deen op eis gelaascht huet, hu mir et fäerdeg bruecht als Chamber, als Sous-Kommissioun, fir eisen Agenda awer nach duerchzekréien.
Ech mengen dat verdéngt e grousse Merci, virun allem un déi bedeelegt Beamten a Beamtinnen, déi do deelweis heroesches geleescht hunn, fir deen ordre de jour dee mir eis selwer gesat haten, an eng ëmmer méi kuerz Zäit ze drécken.
An och dass mir haut doriwwer schwätzen, ass jo u sech net d’Volontéit vun der Ënner-Kommissioun gewiescht, dat war d’Volontéit vun der Presidence, déi gesot huet, mir brauchen dat elo.
Mir haten u sech geduecht, mir hätten nach bis an de Mee. Bis kuerz virum Mee. Mir hunn an dem leschten Joer probéiert, d’Leit hei am Land an an der noer Grenzregioun op dës Konferenz opmierksam ze maachen, an eis hier Meenungen zur Zukunft vun Europa unzehéieren.
Bei dësen Diskussioune koumen, an dat huet jiddereen vun eis ugeschwat, vill Suergen a Wënsch op, déi, ech mengen all Partei huet sou säint fonnt, an domat och d’Piraten, Theme fonnt, déi eis um Häerz leien.
D’Leit hunn eis vu Suergen iwwert d’Folge vun der steigender sozialer Ongerechtegkeet, vun der Klimakris awer och vun nationalen Alleingäng geschwat.
Eng vun de Fuerderunge vun de Leit war et an aussepolitesche Froen, op Europäeschem Niveau net weiderhin eng Unanimitéitsreegel gëllen ze loossen.
Do, als Politiker seet een do direkt:
“Uh, Unanimitéit, do muss een oppassen. Unanimitéit, dat schützt jo awer eis national Interessien a wann een dann awer dobaussen um Terrain schwätzt, dann héiert ee ganz séier, dass d’Leit, dass d’Mënschen net onbedéngt verstinn, a vläicht sinn se eis do einfach e Schratt viraus, an hu verstanen, dass ëmmer nëmmen Unanimitéit net funktionéiert, well eben domat och Kompromësser heiansdo vu vir eran ausgeschloss sinn.
Mir sinn zu 27 a wann mir zu 27 wëlle weiderkommen, da musse mir och kënnen Decisiounen huelen, och wann dann eng Kéier deen een oder aneren domat net ganz zefridden ass.
An dëst soen ech wëssend, dass an deenen leschten Deeg, do maachen ech rëm d’Bréck zum Ufank, eng enorm Eenheet an Solidaritéit an der EU war. Ech menge mir hate laang keng Kris, wou d’EU esou séier, sou konsequent a virun allem och mat enger Stëmm reagéiert huet.
D’Fro ass, wéi laang hält et un?
Do sinn ech ganz éierlech, ech weess et net. A mir däerfen och net vergiessen, dass d’Welt virun enger Woch nach anescht ausgesinn huet wéi haut.
Virun enger Woch huet nämlech den europäesche Geriichtshaff nach misste verschiddene Memberlänner an Erënnerung ruffen, dass et et Rechtsstaatmechanismus gëtt.
An deem Sënn hunn sech verschidde Biergerinnen a Bierger mat deene mir geschwat hunn och fir eng europäesch Arméi ausgeschwat. Och dat en Thema, wat mir an de leschte Wale schonn am Programm stoen haten.
Mir Piraten haten dëst scho bei de leschte Wale gefuerdert.
Elo wou awer ënner anerem Däitschland ugekënnegt huet, hir Depensen immens an d’Luucht ze setzen, muss een sech awer d’Fro stellen,
Op et nëmmen Depensen an d’Militär sinn, déi zur Defense zielen.
Mir hunn et grad och elo rëm gesinn, dass u sech zur Onofhängegkeet, zur strategescher Autonomie vun Europa gehéiert, och onofhängeg vun Energiequellen aus dem Ausland ze sinn.
Ech war bëssen erschreckt wéi ech virdrun d’Madamm Beissel héieren hunn, déi lo hei e Loblitt op den LNG gesongen huet.
Wat eis u sech vun engem Camp an deen aneren drängt.
Well dass mir Gas mat Schëffer iwwer d’hallef Welt kutschéieren, deelweis Gas de schiste, also et kann een d’Kand dann awer beim Numm nennen a soen d’LNG gëtt haut net gewonnen, an deem mir bei de Kéi en Triichter un den Hënner halen.
Dat ass net gréng an dat muss een och esou soen, wann mir eng gréng Transitioun wëllen, da muss Europa a gréng erneierbar Energien investéieren a wa mir dat wëlle maachen, da mussen déi Suen och zu eisen Défenseausgaben u sech ziele kënnen.
Mir kënnen dat gären, dat war keng Fro, well, dat muss een och esou soen, et war eng Richtegstellungen. Ech mengen wa mir de Verbatim herno liesen iwwer dësen Debat, da gesäit een, dass dir e Loblitt op genau dat gesongen hutt.
Dir hutt gesot, mir mussen nach méi bauen, well dat ass aus…
Okay ech menge mir lauschtere grad hei iergend e Fussballmatch hei bannen oder?
Här Präsident?
Voilà, dat schéngt awer elo geklappt ze hunn, de Match ass ofgepaff. Also ech mengen et ass wierklech un der Zäit.
Pardon léif Kolleeginnen a Kolleegen,
Ech mengen, dass et wierklech un der Zäit ass, all Ausgaben an d’strategesch Autonomie vum Kontinent och kënnen als dat ze betruechten, an do gehéiert eben och d’Energieonofhängegkeet dozou, dat heescht wa mir d’Depensen an d’Energieinfrastruktuer, déi eis vun Drëtten onofhängeg maachen, da solle mir déi och kënne consideréieren.
E weidere Punkt deen sech ganz vill Leit gewënscht hunn, ass dass eis Grenzen ni méi mussen zougemaach ginn.
Och do, d’Covid-Kris mengen ech huet jidderengem an Erënnerung geruff, wéi séier dat geschéie kann. An net nëmmen huet Däitschland d’Grenzen zougemaach, mee eis Douane huet och nach an illegaler Weis d’Grenzen misse kontrolléieren.
Dat mengen ech war e Problem, an och do brauche mir an Zukunft méi robust europäesch Mechanismen. Esou eppes dierf ni méi virkommen, an dat hu mir op all Owend, dee mir hate, mat de Leit, awer gesot kritt.
Dass u sech d’libre circulation, Schengen net nëmmen en Duerf un der Musel ass, wou et schéin ass, mee tatsächlech en Terme ass, fir e Raum, an deem sech Leit kënne begéinen, beweegen an dat ouni mussen u Grenzen Halt ze maachen. Dëst muss also och eng Prioritéit fir Lëtzebuerg sinn. Beim Thema Grenzen war d’Meenung nämlech ganz kloer.
Vun den europäesche Sécherheetsfroen, dann awer rëm zréck bei d’Ëmweltpolitik.
Och dat en Thema wat ëmmer erëm ugeschwat gouf, a mir Pirate stinn och do hannert der Regierung, sou wéi ugekënnegt, géint d’EU Kommissioun, der EU Kommissioun hir Taxonomie virzegoen an ech mengen och dat ass wichteg, well, an ech sot et virdrun, weder Gas an och Atom, si keng nohalteg gréng Energieressourcen. Dat muss een och esou soen.
Ech erënnere mech e bëssen un déi Pub, déi fréier an der däitscher Tele komm ass, Stroum wär giel.
Dat, ech weess net op nach een sech un déi Pub erënnert, et war ëmmer sou de Stroum ass giel, dat war fir dass ee bei iergend sou e Bëllegubidder, dee warscheinlech mëttlerweil verschwonnen ass, sollt wiesselen.
Mee mir brauche Stroum, deen net giel ass, mir brauche Stroum, deen ass gréng.
Mir brauche Stroum, wou mir onofhängeg sinn vun Drëtten, wou mir net mussen iergendwou Uran kafen, wou mir net mussen iergendwou Torium kafen, oder wou mir net iergendwou musse Gas oder Petroll kafen.
Mir hunn schonn ze vill Zäit verluer, well mir eis net éischter vun Russeschem Gas an OPEC Petroll getrennt hunn.
Mir sollten also net weider Zäit verléieren a mir sollten eis net wieder an nei Onofhängegkeeten, nei Ofhängegkeete beginn. Mir maachen et eis als Staaten also just selwer ëmmer méi schwéier, fir eis Ziler bis 2030 an 2050 z’erreechen.
An da sinn d’Leit och der Meenung, dass mir méi kloer musse soen, dass mir an enger Klimakris sinn. Och dat ass kloer rauskomm, an et ass e Fakt. Eis Resolutioun vun 2019, déi kloer vun enger Klimakris geschwat huet, an déi gefuerdert huet, eng Kommissioun dofir op d’Been ze setzen, gouf leider rejetéiert, mee mir sinn awer frou, dass mir do awer ëmmer méi eis an déi richteg Richtung eis beweegen.
Här President,
Och a Punkto Mobilitéit hunn d’Leit dobaussen eng kloer Sprooch geschwat. Si wënschen sech méi een effektiivt europäescht Schinnenetz wat d’Reesen iwwert d’Landesgrenzen eraus soll vereinfache.
Wann ech héieren, dass Bréissel anscheinend zéng mol méi no wéi Paräis läit, deen huet nach ni den Zuch fir op Bréissel geholl, well
léif Kolleeginnen a Kolleegen,
vu Lëtzebuerg op Paräis, dat sinn 2 Stonnen a 5 Minutten.
Fir op Bréissel vu Lëtzebuerg aus dauert et haut méi laang mam Zuch, wéi wéi déi Schinn deemools ageweit gouf an dat war am Zäitalter vun de Postkutschen.
Et kann also net sinn, dass den Zuch mat der Zäit méi lues gouf, an dat obwuel dräi Regierungen, déi franséisch, déi belsch an déi lëtzebuergesch ëmmer rëm soen mir missten den Zuch endlech zwëschen den europäeschen Haaptstied Stroossbuerg, Bréissel a Lëtzebuerg méi séier kréien.
Et geschitt einfach näischt.
Bis ab 2023, also nächst Joer vläicht, sollt d’Zuchrees bis op Bréissel u sech nëmmen nach 2 Stonnen daueren.
Dat gesi mir dann nächst Joer ob d’Verspriechen vun 2016 dann nach iergendwéi zielt. Ech ka mech drun erënneren dass viru 2016 schonn dovu geschwat gouf, dass Bréissel soll méi no kommen, bon…
Iergendwéi, d’Geographie kënne mir net änneren, mee mir kënnen awer eis Zich méi séier maachen, mir kënne méi séier Schinnereseaue bauen.
An och säit Januar 2020 ass zum Beispill Bréissel Deel vum europäeschen Nuetszuchreseau, Lëtzebuerg ass do bëssen ofgehaange ginn.
Mir si Lëtzebuerger, mir sinn hei zu Lëtzebuerg am Kär vun Europa, am Kär vu Westeuropa muss een u sech soen.
A mir sinn nach ëmmer net anstänneg u verschidde Reseauen ugebonnen, Verbindungen Richtung Däitschland muss ech guer net schwätzen, dat ass eng eenzeg Katastrophe, och do misste kloer Investissioune kommen.
Säit Januar 2020 ass Bréissel een Deel vun dem europäeschen Nuetszuch Reseau. D’Leit wéilte jo méi op den Zuch zréck gräifen, si wéilte manner hiren Auto oder de Fliger huelen, op Strecke wou et Sënn mécht, respektiv op Strecken wou dann en Zuch fiert, mee dofir muss eben och en Zuch op deene Strecke fueren.
An do si mir awer ganz ganz wäit ewech.
A wa mir hei bannen Kuerzstreckeflich wëllen verbidden, mir haten se hei an enger Resolutioun, an enger Motioun eng Kéier gefuerdert, deen Eenzegen dee mir haut kënne verbidden, well et eng Alternativ gëtt, ass Lëtzebuerg Paräis, alles anescht mécht kee Sënn, well weder op Frankfurt, nach op Bréissel, nach op Zürech, nach op Amsterdam, kënnt een an enger raisonnabeler Zäit mam Zuch.
Ech mengen dat muss een sech einfach bewosst sinn.
Och do verlaangen d’Leit vun der europäescher Politik, vun der nationaler Politik, dass se hir Jalonen setzt, an dass se sech engagéiert.
Wa mir kucken, wie wëll haaptsächlech mam Zuch fueren, sinn et natierlech och vill Jonker.
Jonker, déi natierlech wëlle Geld spueren, mee awer och déi eng conscience écologique hunn. Mee Jonker hunn awer och immense Schwieregkeeten an Europa an zwar fir sech um Aarbechtsmaart ze etabléieren.
Mir schwätze vun EU-Länner, déi hunn e Jugendchomagetaux vu 50% oder méi. Dat ass desastréis. Och hu mir eng ganz Generatioun, déi mir hänke loossen, an och do brauch et méi.
Do géif ech wierklech lo iergendwann eng Kéier gär vum lëtzebuergeschen Kommissär gesinn, wou seng Pläng abutéieren, well bis elo ass do vill gesot ginn, mee wéineg Konkretes um Terrain ukomm.
D’Jugendgarantie war eemol als grousst Versprieche versprach ginn, dat gräift a verschiddene Länner, an anere Länner gräift et manner.
Ech si frou, dass mir zu Lëtzebuerg do en Deel opgefaange kréien, mee et ass sécherlech net déi eenzeg Léisung
Här President, Leif Kolleeginnen a Kolleegen,
Zukunft vun Europa soll eng lieweg Zukunft sinn, interkulturell friddlech an iwwert den digitalen an den analoge Wee matenee verbonnen.
Fir dës lieweg Zukunft ze sécheren, muss d’EU an Zukunft méi oft op d’Leit dobaussen duer goen, muss sech méi oft eens sinn, wéi se sech an deenen leschten Deeg gewisen huet. Se kann sech eens ginn.
Dës Konferenz war ee gudde Start, mee wann all d’Remarken an d’Proposen déi d’Leit an deenen 12 Méint maachen, am Sand verlafen, dann ass am Endeffekt genau dat areecht ginn, wat mir net wëllen: d’Leit si frustréiert.
Et muss ee konstanten Effort vun den nationalen an europäeschen Institutioune sinn, fir d’Europäesch Unioun méi un d’Leit erun ze bréngen. An dann mussen och Proposen ëmgesat ginn.
Et muss ee konstant op d’Mënschen an de Memberstaaten duer goen.
Net nëmmen all fënnef Joer eng Kéier, net nëmmen dann wann eng Presidence grad d’Loscht huet, eng année européenne de citoyenneté auszeruffen, mee och Permanence.
Virun allem déi Länner, déi schonn ee Stéck méi wäit ewech vun den 3 europäeschen Haaptstied léien, musse méi agebonne ginn. Et muss een och bei Projeten wéi bei dëser Konferenz iwwert d’Zukunft vun Europa, op Leit duergoen déi méi EU skeptesch sinn.
Well och Bierger a Biergerinnen, déi skeptesch zum Projet vum gemeinsamen Europa sinn, sinn Deel vun dësem gemeinsamen Europa. Dat heescht mir mussen och op déi lauschteren a mir mussen se mat an d’Boot huelen.
Et gëtt Zäit dass d’EU sech hei méi staark abréngt an de Narrativ net deenen iwwerléisst, déi Bréissel ëmmer fir alles d’Schold ginn, sech gläichzäiteg awer Täsche voll stiechen.
Mir hunn ze vill Staats- a Regierungscheffen an der Geschicht vun der EU gehat, déi u sech an der EU haaptsächlech e Selbstbedienungsladen gesinn hunn, wou se sech konnte mat fonds structurels d’Täsche voll stiechen a gläichzäiteg doheem Anti-EU-Lobbying gemaach hunn.
Et ass dach cocasse, dass de Leader vum Brexit-Mouvement a Groussbritannien, sech net ze schued war, bis zur leschter Sekonn am Europaparlament sëtzen ze bleiwen, fir och nach dee leschten Euro vun europäesche Suen mat heem ze huelen obwuel e géint dës EU an d’Feld gezunn ass.
Et ass dach e bësse cocasse wann en tschechesche Premierminister, iwwer gewësse Strukturen sech do Milliarden Akommessen aus Strukturfongen hëlt.
Och do muss d’EU de Leit dobausse weisen, dass si sou eppes eescht hëlt an dass si konsequent dogéint agéiert. Mir brauche Vertrauen an d’EU an dat muss d’EU virun allem sech erkämpfen.
Et gëtt Zäit, dass d’EU wéisst, wéi staark een och als friddlech Natioune kann zesumme sinn. Dass mir net mussen eng aggressiv Postür anhuelen, fir kënnen eis Ziler ze areechen. Dass mir u sech kënnen, friddlech dëse Kontinent wieder guidéieren.
D’Politik muss d’Wuert méi oft un d’Biergerinnen a Bierger ginn. Un déi Jonk, un déi manner Jonk. Fir ee liewegt an innovatiivt Europa brauche mir nämlech d’Ënnerstëtzung  an och d’Iddie vu jidderengem. Net vun uewen erof, mee all zesummen.
Ech soen iech Merci.
 

Zesummenhang posts

Wir Piraten haben in Petingen über die letzten Jahre eine kritische Position gegenüber dem Einfluss von einzelnen Bauunternehmer eingenommen und mehrfach einzelne Projekte, die
J’ai 27 ans, je suis mère et pédagogue sociale de formation. J’habite depuis plus de 14 ans dans la commune et c‘est avec fierté