Ordre du jour steet de Projet de loi 8115 iwwert d’Aféiere vu Bäihëllefe fir Mikroentre- prisë vum Geschäfts- an Handwierkssecteur

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, merci och fir de ganz gudden an ausféierleche Rapport. Ech ginn elo net méi op d’Montanten an op d’Delaien an, wéi laang et déi Aidë ginn; déi 12.000 Euro a sechs Méint si be- kannt.

Mir fannen et generell gutt, datt et de Start an d’En- trepreneuriat soll facilitéieren. Mir Piraten fannen et awer schued, datt d’Aidë bis elo mol just fir d’Secteure vum Commerce a vum Handwierk gëllen – dat hate mer och an der Kommissioun thematiséiert –, et gi sécher nach aner Secteuren, wou et kéint interessant sinn. Ech verstinn och d’Argumentatioun, firwat dat elo sou gemaach ass, well et deelweis aner Aidë ginn. Ech géif mer do heiansdo e Streamlining wënschen, dat géif et de Leit och e bësse méi einfach maachen, si op déi richteg Plaz ze guidéieren. Dat hu mer schonn oft diskutéiert, Här Minister. Ech mengen, mir sinn eis do am Kär eens, et ass just un der Ëmsetzung, wou et heiansdo happert.

Ech hunn awer e puer Punkten, déi ech trotzdeem wollt uschwätzen, déi hei nach net gesot goufen. Dat eent, dat ass: Ech fannen et e bësse komesch, datt een op d’mannst zwee Verstéiss géint de Verbuet vum Travail clandestin a sengem Casier muss stoen hunn, ier ee fir dës Hëllef net méi eligibel ass. Fir eis ass kloer – a mir hätten do och eis Ënnerstëtzung ginn –, datt een direkt ab der éischter Verurteelung wéinst Ausbeutung vu Persounen ouni Openthaltsrecht säi Recht op dës Aidë verwierkt hätt. Et gi Grënn, mir hät- ten awer och eis Ënnerstëtzung wierklech gi fir ab der éischter Verurteelung. Mir hätten eis hei also kloer fir eng méi streng Clause entscheet a mir denken, datt dat hei och eventuell spéider nach eng Kéier kéint fir eng blöd Situatioun an der Ëffentlechkeet suergen, wann dann iergendwann eng Kéier eng Firma an deem Fall wier oder eng Persoun an deem Fall wier an dat géif an der Press thematiséiert ginn.

Och fanne mer et schued, datt Leit, déi hire Betrib bei sech doheem wëlle lancéieren, hei keng Chance hunn, vun deenen 12.000 Euro ze profitéieren. Well och wa si sech d’Loyerskäschte spueren, heescht dat nach laang net, datt hire Business an deene sechs Méint esou grouss ass, datt se kéinte vun hirem Geschäft liewen. En Handwierker zum Beispill, dee bei d’Leit heem Re- parature maache geet, huet och net onbedéngt de Besoin vun engem eegene Geschäft oder vun engem eegene Lokal, well hien ass jo déi ganz Zäit dobaus- sen ënnerwee an huet deementspriechend vläicht just d’Käschte vun enger Camionnette ze droen. Och hei wiere mer also mat méi largë Reegelen averstane gewiescht. Och do, wien de schrëftleche Rapport liest, gesäit och e bëssen d’Erklärungen derfir. Ech fannen trotzdeem, datt et enger Oppositiounspartei zoustoen däerf, drop hinzeweisen, datt se dat anescht gesäit.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, do- duerch datt d’Regierung an hirer Fiche financière just vun 83 Beneficiairen am Joer ausgeet, mengen ech, ass jiddwerengem heibanne bewosst, datt dat heiten eng Hëllef ass, déi laang net fir all Entrepreneur oder all Entrepreneuse geduecht ass. Et ass eng Hëllef, déi enger ganz cibléierter Grupp vu Leit wäert zegutt- kommen, a fir eis wär en Opmaachen op méi Grouss definitiv wënschenswäert a mir hoffen, datt mer an der Evaluatioun vun deem heite Projet dann och an déi Richtung wäerte goen. Et ass en éischte richtege Schrëtt an dofir gi mer eisen Accord. Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a