M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President, merci dem Rapporter. Effektiv ass et esou, dass d’Fli- gere bemierkbar sinn. Virun allem owes, wann een am Bett läit, kritt een dat méi oft mat. Ech kann do och e Liddchen dervu sangen, wann zu Péiteng d’06 op ass an d’Fligeren iwwer Péiteng erandréinen, da kritt een dat effektiv nawell mat, an dofir ass et gutt, dass mer deene Leit hëllefen. Och dozou sti mer als Piraten.
Et muss een awer trotzdeem de Constat maachen, dass ënnert zwou gréngen Ëmweltministeschen an engem gréngen Ëmwelt-Transportminister esou vill geflu ginn ass wéi nach ni virdrun. Alleguer déi Leit, déi gehofft hunn, dass, wann déi gréng an der Regierung sinn, do e bësse méi op den Ëmweltschutz géif opgepasst ginn, sinn natierlech enttäuscht ginn!
(Interruption)
Dat ass leider e Constat, deen ee muss maachen: Ënner hinnen ass am meeschte geflu ginn.
Elo wäerten et d’Fluchgesellschafte selwer sinn, déi de Leit éischter wäerten hëllefen. Wann Der elo kuckt, den neie 737 MAX, deen d’Luxair wäert kréien, wäert 40 % Reduktioun am Kaméidi matbréngen, soudass dat de Leit awer effektiv eppes wäert hëllefen. Dat selwecht beim 777, deen d’Cargolux elo wäert huelen a géint de 747-800 (veuillez lire: 747-400) wäert austauschen.
D’Madamm Cecchetti huet Recht: D’Privatfligeren, dat stéiert och eis Piraten, wann do déi kleng Privatjette fléien.
(Interruption)
Ech schwätze vun de Privatjetten, wou der wësst, dass Millionäre mat ganz vill Geld do kënnen dermat fléien.
(Interruption)
Dass deen Trafick zu Lëtzebuerg zougeholl huet, dat hat ech och schonn eng Kéier an enger Interventioun kritiséiert, dat ass sécherlech eppes, wat een …
(Interruptions et brouhaha)
M. Mars Di Bartolomeo, Président de séance | Wann- echgelift!
M. Marc Goergen (Piraten) | Ech verstinn, dass dat d’Regierung elo e bëssen opreegt, well mer hu jo och matkritt, dass och Ministere mam Privatjet op Lugano fléien, anstatt eng Linn ze huelen. Ech verstinn, dass dat déi Reien do elo bëssen opreegt. Ech géif mer och wënschen, d’Regierung géif net méi op Privatjetten zeréckgräifen a se géif e Linneflug huelen. Virun allem, wann ee kuckt, Lugano – et war jo den Här Fayot –, do ass Mailand ganz no derbäi, hätt een och kënnen huele mat siwen, aacht Vollen den Dag; mee nee, Dir hutt op Privatjetten zeréckgegraff. Ech verstinn, dass Dir Iech dofir elo och opgereegt hutt.
Mir Piraten wäerten dat heite matstëmmen, mee et muss een awer eng Kéier iwwerleeën, ob mer déi Praxis vun de Privatjetten an alles weiderféieren.
Merci.