Oncologie Pédiatrique

Den 3ten Oktober 2022 gouf et an der Chamber eng ëffentlech Sëtzung zu der Petitioun n° 2232 “Augmenter la capacité du service existant d’oncologie pédiatrique au Luxembourg”, nodeems dës de néidege Seuil vun Ënnerschrëfte kritt huet. Am Kader vun dëser Sëtzung gouf festgehalen, dass d’Servicer an d’Personal vum Service Oncologie Pédiatrique an der Kannerklinik vum CHL sollen ausgebaut ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Goufen déi zousätzlech Dokteren, bei denen deemols ee Mangel festgestallt gi war, antëscht agestallt? Wat ass bis elo beim Ausbau vu sonstegem medezinesche Personal geschitt? Respektiv wat ass den aktuelle Stand an wat ass nach an der Ëmsetzung oder an der Planung? 

  2. Wat ass bis elo am Ausbau vun der Unzuel vun de Better geschitt respektiv wat ass Stand aktuell nach an der Ëmsetzung oder an der Planung?

  3. Ka mëttlerweil och eng Bestralung hei zu Lëtzebuerg ugebuede ginn oder mussen sech d’Kanner a d’Jugendlecher an hir Elteren dofir nach ëmmer an d’Ausland deplacéieren?

  4. An der Sëtzung huet d’Ministesch gesot, dass extern Auditte mat dem Institut Gustave Roussy vu Paräis an dem Institut Jules Bordet vu Bréissel ugefrot gi sinn. Goufen dës zwee Auditte scho gemaach?  • Wa jo, wat ass d’Resultat vun dësen Auditten?  • Wa nee, wéini sollen dës gemaach ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 665

Zesummenhang posts

De Professor Phillip Dale huet zesumme mat Science.lu d’Fro analyséiert huet, ob Lëtzebuerg kéint säin Energiebedarf zu 100% selwer a klimaneutral hierstellen (https://science.lu/de/science-check-energiewende-erneuerbare-energien/kann-luxemburg-seinen-energiebedarf-zu-100-klimaneutral-selbst-herstellen ).
Lëtzebuerg war déi lescht Joren ëmmer erëm op den UN-Klimakonferenzen (COP) dobäi. D’Konferenz dëst Joer wäert zu Baku stattfannen. D’Haaptthema vun dëser Konferenz wäert
Zu Lëtzebuerg ginn et zwou Institutiounen, déi Autismus-Diagnose maachen,eng dovunner ass d’FAL. Dëst sot rezent RTL géintiwwer, dass een am Moment bei enger Waardelëscht