Ökologesch Kompensatiounen

Ökologesch Kompensatiounen si gesetzlech virgeschriwwen, wann duerch nei Konstruktiounen oder aner Bauaarbechten natierlech Flächen oder souguer ganz Biotopen zerstéiert ginn. Duerch e System mat sougenannten “Ecopoints” soll assuréiert ginn, dass all Verloscht un Natur muss kompenséiert ginn. Dobäi kënne villfälteg Kompensatiounsmesure gewielt ginn an net all zerstéiert natierlech Fläch muss duerch eng equivalent grouss nei Fläch ersat ginn. Eng Kompensatioun kann och duerch d’ökologesch Opwäertung vun enger bestoender Fläch geschéien.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat d’Problematik vun de Kompensatiounsflächen ugeet a virum Hannergrond, datt d’Artificialisatioun vum Buedem immens staark ass, misst hei net allgemeng de Precautiounsprinzip iwwerweien an déi franséisch Reegel « Éviter – Réduire – Compenser » applizéiert ginn?

  2. Wéi dréit de System mat den “Ecopoints” dem Problem Rechnung, datt eng Plantatioun, déi iwwer Joerzéngten gewuess ass, net einfach duerch eng jonk Plantatioun – souzesoen 1 zu 1 – ze ersetzen ass?  

  3. No wéi enger Method a mat der Uwendung vu wéi enge Krittären ginn d’Terrainen, op deene kompenséiert soll ginn, ausgewielt? 

  4. Gëtt am Virfeld iwwerpréift, ob dës Kompensatiounsflächen eng Belaaschtung virweisen?

  5. Wéi vill Kompensatiounsprojeten, déi opgrond vu staatleche Chantieren néideg gi sinn, lafen am Moment?
    Wou befannen sech dës Projeten a wéi eng Kompensatiounsmesure koume konkret zum Asaz?
    Wéi vill Flächen ginn hei ökologesch opgewäert a wéi vill Flächen ginn nei erschloss a wéi grouss sinn dës Flächen jeeweils?
    Wéi grouss waren déi Flächen, déi duerch de Bau vun Infrastrukturen dës Kompensatiounen néideg gemaach hunn? 

  6. Wat geschitt, wann op oder am Buedem vun enger Kompensatiounsfläch Belaaschtungen optauchen? Wéi leeft do dann den Assainissement of?
    Ginn déi Flächen dann aus dem System erausgeholl an ersat?  

  7. Wéi laang nom Ofschloss vun enger Kompensatiounsmesure an unhand vu wéi enge Krittären evaluéiert de Ministère den Erfolleg vun enger Kompensatiounsmesure? 

  8. Ginn d’Ëmweltimpaktetüden, déi am Kader vun engem Projet de compensation gemaach ginn, grad wéi och d’Kompensatiounsmesurë selwer (an eventuell nodréiglech Evaluatioune vun de Projeten) reegelméisseg a Rapporten ëffentlech gemaach?
    Falls jo: Wou sinn dës Rapporten ze fannen?
    Falls nee: Firwat sinn dës Informatiounen net ëffentlech?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5872

Äntwert

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an