ACCOUNT

Nuetsflich um Findel

An der Äntwert op eng vu menge parlamentaresche Froen (n°4194) zum Klimabilan vun der Cargolux, hunn d’Ëmweltministesch an de Mobilitéitsminister erkläert,
“”Cargolux huet sech mat der ANA engagéiert, fir déi bescht Uwennung vun den Ausnamen zum Nuetsfluchverbuet festzeleen. Am Kader vum Aktiounsplang géint de Kaméidi, hunn d’ ANA a Cargolux 2018 eng “Charte de lutte contre les nuisances sonores” ënnerschriwwen. D’Zil vun dëser Charte ass et, d’Nuetsflich an d’Motostester ze limitéieren an déi bescht Methoden a Verhalensweise fir eng Réductioun vum Kaméidi unzewennen.” ”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ginn an dëser Charte konkret Ziler festgehalen, wat d’Unzuel vun den Nuetsflich an de Geräischpegel ugeet?

  2. Hunn nach weider Fluchgesellschaft esou Charten ënnerschriwwen? 

  3. Falls an der Charte vun 2018 keng konkret Ziler festgehale sinn, gedenkt de Mobilitéitsminister esou Ziler mat der Cargolux an den aneren Fluchgesellschaft opzestellen?

  4. Ass een Datum virgesinn, ab deem keng Nuetsflich méi vum Findel aus geflu ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4453

Zesummenhang posts

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Aarbechtssichender, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, an déi de Statut vun engem Travailleur handicapé hunn, kënnen an
D’Gesetz vum 14te Juli 2015 reglementéiert den Accès zum Beruff vum Psychotherapeut. Et kann een ee Master an der klinescher Psychologie hunn, aner Diplomer
An hirer Äntwert op meng Question parlementaire n°7357 huet d’Ministesch geschriwwen, dass zum deemolegen Zäitpunkt insgesamt 388 Kanner a Jugendlecher duerch d’Geriichtsuerteeler vun deenen