No der Testphas: Flächendeckend Aféierung vum Dossier de soins partagé (DSP)

No enger Testphas vu 4 Joer wäert Enn 2019 den Dossier de soins partagé (DSP) duerch d’Agence eSanté generaliséiert ginn. D’Ëmstellung vum Dossier geschitt iwwert de sougenannten opt-in. Dat heescht, dass an enger éischter Phase automatesch all déi Persounen, déi bei der CNS verséchert sinn, an den neie System agegliddert ginn. Déi Leit, déi keen DSP wëllen, musse selwer d’Demarchen ënnerhuelen, fir dësen zouzemaachen. Fir de Patienten de Choix ze loossen, ob fir si en DSP sollt ugeluecht ginn oder net, revendiquéiere verschidden Organisatiounen aktuell, dass eng opt-out-Prozedur virzezéie wier. Dann géifen nämlech just déi Persounen en DSP kréien, déi explizit een ufroen, wärend sech fir all déi aner Léit näischt ännere géif.

An deem Zesummenhang huet de Sven Clement de Ministere fir Sozialversécherung & Gesondheet dës Froe gestallt:

  • Wäert d’Regierung een ageschriwwene Bréif un all d’Patienten erauszeschécken, fir hinnen d’Prozedur vum opt-in ze erklären? Falls net: Wéi wäerten d’Ministere sécherstellen, dass déi Concernéiert iwwert d’Erstellung vun hirem DSP Bescheed wëssen?
  • Wäerten déi zoustänneg Ministere mat der Aféierung vum generaliséierten DSP waarden, bis all déi Concernéiert d’Informatioun, dass hiren DSP erstallt gouf, kritt hunn?
  • Wéi wäert d’Procédure de recours ausgesinn, fir d’Persounen, déi hiren DSP zou maache wëllen? 

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene