Newsletter Mee 2022

Published by Carole on

Ahoi,

Et ass erëm Zäit fir d’Neiegkeeten aus dem Mee!

De Krich an der Ukrain, d’Präisdeierecht an d’Indexmanipulatioun bléiwen och am Mee déi dominant Themen.

Doriwwer eraus gouf et an der Chamber am Mee zwou Sëtzungswochen, wou nach eng ganz Rei aner Sujeten um Ordre du jour stoungen an natierlech goufe wéi ëmmer och vill parlamentaresch Froen gestallt a beäntwert. Dofir loosse mir iech hei wéi gewinnt äre personaliséierten Newsletter zoukommen, fir dass dir och näischt verpasst.

E kompletten Iwwerbléck iwwer all d’Themeberäicher fannt Dir hei: www.piraten.lu/ newsletter-mee-2022

Wéi ëmmer leie bei enger Rei parlamentaresche Froe schonn d’Äntwerte vun der Regierung vir a bei aneren nach net. D’Äntwerte ginn ëmmer am Websäitebäitrag ënnert der Fro verlinkt, soubal dës virleien. Wann dir also virwëtzeg sidd, wat d’Regierung zu enger vun den nach net beäntwerte Froe wäert soen, surft roueg an e puer Wochen nach emol mat de Links aus dëser Mail op eiser Websäit laanscht a kuckt iech d’Äntwerten un.

Hei fannt dir elo déi Themen, op déi dir abonnéiert sidd:

Aarbecht

 

Et Projet fir d’Finanzéierung RTL gouf an der Chamber gestëmmt:
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3630/sequence/200253.html

Wéi aus engem Artikel um Site vum 100,7 vum 30.05.2022 ervir geet, soll e Mataarbechter vun der Firma RSS-Hydro gekënnegt kritt hunn, nodeems hien sech an de Medien ëffentlech a kritesch géint d’Regierungshandele wärend den Iwwerschwemmunge vum Juli 2021 geäussert hat. Mir wollte méi Informatiounen an hunn 2 Froe gestallt:
https://piraten.lu/entloossung-no-kritik-un-iwwerschwemmungsmanagement-staatlech-kontrakter-mat-rss-hydro/

https://piraten.lu/entloosung-no-kritik-un-iwwerschwemmungspolitik-e-fall-fir-den-deontologieskodex/

Sinn Ännerungen um Sonderstatut vum CFL-Personal geplangt?
https://piraten.lu/statut-cfl/

Aussepolitik

 

Et gouf eng Interpellatioun an eng Heure d’actualité iwwert d’Situatioun an der Ukrain an der Chamber :

https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3647/sequence/201146.html

E Fräihandelsaccord tëscht der EU an der République socialiste vum Viêt Nam gouf an der Chamber gestëmmt. Wat d’Kritikpunkte vun de Piraten un dësem Accord waren, kënnt dir hei nokucken:
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3647/sequence/201184.html

Eng Ännerung vum Statut de Rome, mat där d’Lëscht vun de Krichsverbriechen ausgewäit ginn ass, gouf an der Chamber ugeholl:
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3647/sequence/201196.html

 

En europäeschen Accord iwwert d’Ophiewe vu bilateralen Traitéë gouf an der Chamber ugeholl :
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3647/sequence/201201.html

Mat Hëllef vun der ukrainescher App Dija (“Aktion”) goufe virum Ausbroch vum Krich an der Ukrain eng Rei staatlech administrativ Prozeduren an och perséinlech Pabeieren digitaliséiert. Erkennt Lëtzebuerg dës Dokumenter un?

https://piraten.lu/unerkennung-vun-digitalen-ukraineschen-dokumenter/

Bildung

 

Mir hunn eng Fro iwwert den Austauschprogramm mat Europaschoulen gestallt:
https://piraten.lu/austauschprogramm-mat-aneren-europaschoulen/

Déiereschutz

An enger parlamentarescher Fro wollte mir wëssen, wéi de grausamen Transport an de Verkaf vu liewegen Homarden mam Déiereschutz kompatibel ass. D’Äntwert ass méi wéi traureg, well de Minister schreift: “Homarde falen net ënnert d’Déiereschutzgesetz. Homarde sinn ugesinn als Fëschprodukter, déi am liewegen Zoustand konservéiert ginn.”

Dat weist alt nees emol, wéi den Déiereschutz ënner blo-rout-gréng ze kuerz kënnt.

Firwat Homarde faszinéierend Liewewiese sinn a wéi schmierzempfindlech Homarde wierklech sinn, kann een z.B. hei noliesen: https://www.peta.org/features/lobster-crab-pain-infographic/

Déi ganz QP fannt dir hei: https://piraten.lu/verkaf-vu-liewegen-homarden/

Innepolitik & Gemengen

 

Während a verschiddene Ministèren den Zougang méi streng gereegelt ass, kann u sech jidderee fräi an ee Gemengenhaus eran– an eraustrëppelen. Och wann ze begréissen ass, dass d’Gemengen dem Public fräi zougänglech sinn, esou wier et sécher net vu Muttwëllen, dass Bierger, déi an eng Gemeng era mussen, sech op mannst géifen ausweisen.

Infrastruktur a Landesentwécklung

Viru Jore goufen d’Luuchtepotto’en op den Autobunnen ofgeschnidden, zum Deel iwwer Kilometeren. Mir wollte wëssen, wéi een Impakt dës Moossnam hat an ob nach wieder Demontagen an noer Zukunft virgesi sinn. https://piraten.lu/luuchten-ob-den-autobunnen/

Police & Arméi

Ëmmer méi Leit steigen op de Vëlo ëm, fir sech am Land fortzebeweegen. Op ville Plaze feelen allerdéngs déi néideg Infrastrukture fir de Vëlo an esou geroden Auto- a Vëlosfuerer oft a Konfliktsituatiounen. An der Äntwert op eng vun eise parlamentaresche Froen zu deem Thema si mir allerdéngs gewuer ginn, dass d’Distanzreegel vun 1,5 Meter beim Iwwerhuele vun engem Vëlo nach ni kontrolléiert gouf. Wärenddeem gi Vëlosfuerer wéinst feelende Reflekteren op hire Vëloe bestrooft. Dat dierf an eisen Aen net sinn an hei muss dringend nogebessert ginn!

https://piraten.lu/protokoller-fir-velosfuerer/

https://www.tageblatt.lu/headlines/wenn-die-polizei-fahrradfahrer-kontrolliert-und-riskante-ueberholmanoever-ignoriert/

Wunnen zu Lëtzebuerg (Logement)

 

Mir hunn op eiser Website ee klenge Résumé gemaach, wat mir konkret an der Chamber u Gesetzestexter deposéiert hunn, fir d’Wunnen zu Lëtzebuerg méi fair ze maachen. Mir hunn an de leschten zwee Joer net manner wéi véier Gesetzpropositiounen op de Wee bruecht, véier Piècen, déi dozou bäidroe sollen d’Wunnengskris ze léisen. https://piraten.lu/logement/

Doriwwer eraus hu mir d’Fro opgeworf, wéi een als Politiker an dëser Wunnengskris Interessekonflikter mat Immobilien ka vermeiden. Mir fannen, dass Ministere mam gudde Beispill kënne virgoen an ëffentlech uginn, wou si Terrainen an Immobilien besëtzen. https://piraten.lu/ministeren-an-hier-immobilien/

Santé

 

Mir hunn nogefrot, wéi vill Persoune vu medezinesche Servicer fir d’Behandlung vu Réckepéng gebrauch gemaach hunn:
https://piraten.lu/reckweih/

Wéi vill kascht d‘Prise en Charge vun den Transportkäschten an d’Ausland duerch d’CNS ?
https://piraten.lu/prise-en-charge-vun-transportskaschten-an-dausland-duerch-dcns/

Wéi ass d’Pilotphase vum medezinesche Cannabis gelaf?
https://piraten.lu/medezinesche-cannabis/

Natur, Ëmwelt & Klima

An enger Motioun vun Déi Gréng am Stater Gemengerot vum 22ten Abrëll 2022 gouf gefuerdert, dass Gebaier, déi vun der Stad gebaut ginn, net méi mat Gasheizunge sollen equipéiert ginn. Fanne mer gutt. Mir froen eis nëmmen, wéi vill Projeten mat Gasheizung vum Baute-Ministère gebaut goufen, wou ee grénge Minister zënter 2013 d’Féierung iwwerholl huet. https://piraten.lu/wou-baut-de-staat-nach-iwwerall-gasheizungen/

 

A propos Gasheizungen musse fort: esou einfach ass dat net, wa mer den Informatiounen vun enger Quell gleewen dierfen. Eis gouf ee Fall zougedroen, wou eng Persoun an hirem Haus wollt d’Gasheizung duerch eng ëmweltfrëndlech Wärmepompel ersetze loossen, dëst awer duerch hire Kontrakt mat hirem Gasliwwerer verbuede krut. Et handelt sech beim Gasliwwerant ëm d’Firma Sudenergie, enger Aktiegesellschaft, déi 14 Südgemenge gehéiert. https://piraten.lu/sudenergie-verhennert-den-embau-op-erneierbar-energien/

 

Famill

 

Wat kascht d’Finanzéierung vun de Crèchen a vun de Maison relaisen? Mir hunn nogefrot :
https://piraten.lu/cheque-service-dacceuil/
https://piraten.lu/betreiung-an-de-maison-relaisen/

 

 

 

/

 

 

Wirtschaft

 

E Fräihandelsaccord tëscht der EU an der République socialiste vum Viêt Nam gouf an der Chamber gestëmmt. Wat d’Kritikpunkte vun de Piraten un dësem Accord waren, kënnt dir hei nokucken:
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3647/sequence/201184.html

En europäeschen Accord iwwert d’Ophiewe vu bilateralen Traitéë gouf an der Chamber ugeholl :
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3647/sequence/201201.html

 

Am Oktober 2021 huet de Conseil de la concurrence d’Resultater vun enger Enquête vum Soumissiouns-System verëffentlecht. Aus der Enquête geet ënnert anerem ervir, dass den Accès zu Soumissioune fir kleng a mëttler Firmen duerch komplizéiert Reglementer méi schwéier ass. Mir hunn zu dësem Thema eng parlamentaresch fro gestallt:
https://piraten.lu/soumissiounen/

Wéi ass d’Pilotphase vum medezinesche Cannabis gelaf?
https://piraten.lu/medezinesche-cannabis/

Fonction publique

D’Gesetzlech Basis vum Haut-Commissariat à la Protection nationale gouf verbessert :
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3647/sequence/201133.html

Sinn Ännerungen um Sonderstatut vum CFL-Personal geplangt?
https://piraten.lu/statut-cfl/

Am Ëmweltministère koum et zu Personalännerungen. Mir hunn Detailer gefrot:
https://piraten.lu/nei-astellungen-am-emweltministere/

 

Finanzen

 

D’Chamber huet e Projet gestëmmt fir am Beräich vun der Duebelbesteierung tëscht der Belge a Lëtzebuerg nozebesseren:
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3647/sequence/201121.html

En Fräihandelsaccord tëscht der EU an der République socialiste vum Viêt Nam gouf an der Chamber gestëmmt. Wat d’Kritikpunkte vun de Piraten un dësem Accord waren, kënnt dir hei kucken:
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3647/sequence/201184.html

En europäeschen Accord iwwert d’Ophiewe vu bilateralen Traitéë gouf an der Chamber ugeholl :
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3647/sequence/201201.html

Schold vis-à-vis vun der Steierverwaltung. Mir hunn Detailer gefrot:
https://piraten.lu/schold-vis-a-vis-vun-der-steierverwaltung/

Integratioun

De Minister huet a senger Äntwert op eis Fro iwwert d‘Assistance à l’inclusion missten erklären, dass nach kee vun dëser Assistance profitéiert huet. Mir Pirate fannen dat immens schued an hunn dofir beim Minister nogefrot, wat en da wëll ënnerhuelen, fir dass dës Assistance genotzt gëtt:
https://piraten.lu/assistance-a-linclusion/

Digitalisatioun

 

Et Projet fir d’Finanzéierung RTL gouf an der Chamber gestëmmt:
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3630/sequence/200253.html

Thema vun der Chatkontroll kënnt op EU-Niveau nees op. D’Pirate soe kloer : Nee zur Ofschafung vum digitale Bréifgeheimnis! = Nee zur Chatcontrol!
https://piraten.lu/piraten-kampfen-geint-chatcontrol/

Mat Hëllef vun der ukrainescher App Dija (“Aktion”) goufe virum Ausbroch vum Krich an der Ukrain eng Rei staatlech administrativ Prozeduren an och perséinlech Pabeieren digitaliséiert. Erkennt Lëtzebuerg dës Dokumenter un?

https://piraten.lu/unerkennung-vun-digitalen-ukraineschen-dokumenter/

 

2021 goufen d’Fiches d’impôts vun der Steierverwaltung digitaliséiert, esou dass d’Salariéeën hir Fiches d’impôt net méi mussen un den Employeur weiderginn. Den Employeur muss des Fichen da vu MyGuichet eroflueden. Mëscht en dëst net, kann d’Steierverwaltung eng Astreinte oder Sommatioun ausspriechen. Wéi vill gouf et der bis elo?

https://piraten.lu/astreinte-weinst-fiches-dimpots/

De Minister huet a senger Äntwert op eis Fro iwwert d‘Assistance à l’inclusion missten erklären, dass nach kee vun dëser Assistance profitéiert huet. Mir Pirate fannen dat immens schued an hunn dofir beim Minister nogefrot, wat en da wëll ënnerhuelen, fir dass dës Assistance genotzt gëtt:
https://piraten.lu/assistance-a-linclusion/

Justiz

 

Wéi eng Alternative ginn et zu enger klassescher Prisongsstrof? Dat war Thema an der Chamber am Kader vun enger Interpellatioun:
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3631/sequence/200783.html

Eng Ännerung vum Statut de Rome, mat där d’Lëscht vun de Krichsverbriechen ausgewäit ginn ass, gouf an der Chamber ugeholl:
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3647/sequence/201196.html


0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.