Newsletter Abrëll 2022

Published by Carole on

Ahoi,

Et ass Zäit fir d’Neiegkeete vum Abrëll!

De Krich an der Ukrain, d’Energiekris an allgemeng d’Präisdeierecht si sécher déi Themen, déi dëse Mount dominéiert hunn.

Fir eis Partei stinn an deene nächste Méint eng ganz Réi wichteg Rendez-vousen um Kalenner:

 

  • Den 2 Juni ass et dann un eisem Landeskongress 2022 deen den Donneschden, den 2te Juni 2022, ab 18h30 am Centre Culturel zu Colmer-Bierg stattfënnt. Denk drun, dass du däi Membersbäitrag vun 10€ fir d’Joer 2022 bezuelt musst hunn fir um Kongress kënnen ofzestëmmen.

D’ONG Comité pour une Paix Juste au Proche Orient (CPJPO) rifft dann och op eng Petitioun z’ënnerstëtzen, bei der et ëm déi illegal besate Gebidder a Palestina/Israel geet. Mat méi ewéi 100 ONGen huet de CPJPO eng europawäit Campagne lancéiert fir den Handel tëscht der EU an den illegal besate Gebidder weltwäit ze stoppen. All d’Infoen iwwert d’Petitioun fannt Dir ënnert dësem Link: www.stopsettlements.org

Mir Piraten ënnerstezen dës Fuerderung.

 

Zousätzlech goufen och nach vill aner interessant Themen dëse Mount an der Chamber traitéiert an dofir loosse mir iech wéi gewinnt hei äre personaliséierten Newsletter zoukommen, fir dass dir och näischt verpasst.

Wéi ëmmer leie bei enger Rei parlamentaresche Froe schonn d’Äntwerte vun der Regierung vir a bei aneren nach net. D’Äntwerte ginn ëmmer am Websäitebäitrag ënnert der Fro verlinkt, soubal dës virleien. Wann dir also virwëtzeg sidd, wat d’Regierung zu enger vun den nach net beäntwerte Froe wäert soen, surft roueg an e puer Wochen nach emol mat de Links aus dëser Mail op eiser Websäit laanscht a kuckt iech d’Äntwerten un.

Hei fannt dir elo déi Themen, déi iech besonnesch interesséieren:

Aarbecht

Déi zu Lëtzebuerg dominéierend tertiärer Ekonomie an den hier zu Gronn leidende Déngschtleeschtungssecteur hunn dofir gesuergt, dass d’Beruffsliewe vun ëmmer méi Leit vu Bürosaarbecht gepräägt ass. Dofir huet de Sven Clement an enger parlamentarescher Fro beim Minister Hagen nogefrot, wéi et mat de Büroskrankheeten an der Preventioun vun dëse steet.

https://piraten.lu/buroskrankheeten/

Aussepolitik

Fir d’international Dogshow hunn déi geflüchte Persounen aus der Ukraine misste LuxExpo verloossen. Fir eis Piraten een absolutten No-Go, dass d’Leit an Zelter ënnerbruecht ginn, fir eng Dogshow déi schonn duerch Déieremësshandlungen opgefall ass, fir dee mir déi Verantwortlech vun der LuxExpo, der Staat Lëtzebuerg an der Chambre de commerce zum Handelen opruffen.

https://piraten.lu/fluchtlingen-aus-der-luxexpo/

Mir Pirate setzen eis géint den Asaz vu Spionagesoftware an, esou hunn mir schonn am Oktober eng Aktualitéitsstonn an der Chamber organiséiert. Dëse Mount koumen elo nei Informatiounen zur Pegasus Software eraus, déi mir Pirate schaarf verurteelen. Wéi d’Online-Plattform “the Citizens Lab” en Méinde matgedeelt huet, si mindestens 3 katalanesch EU-Deputéiert, 31 Deputéiert vu katalanesche Parteien, 3 Parlamentspresidenten an 2 Regionalpresidente vun de Spy-Softwaren Pegasus a Candiru ausspionéiert ginn. Villes déit drop hin, dass d’spuenesche Regierung hannert dëse Spionageattacke stécht. Mir Pirate sinn entsat iwwert dës Berichter a fuerderen eis Regierung, grad ewéi all aner europäesch Regierung op, esou Spionagesoftware wéi déi vun der Firma NSO net méi ze benotzen.

De ganze Communiqué fannt dir hei:

https://piraten.lu/asaz-vu-spionagesoftware/

Bildung

 

D’Pirate freeë sech, dass d’Regierung schlussendlech awer zougestëmmt huet, dass gratis online Lëtzebuergeschcoursen, déi an all Land accessibel sinn, wichteg sinn, fir d’Couren méi digital ze maachen: https://piraten.lu/online-offer-fir-letzebuergesch/

Wéi vill Personal hunn d‘Administratiounen aus dem Educatiounsberäich am Verglach zu dem Personal um Terrain? Mir hunn nogefrot:
https://piraten.lu/administratioun-vum-educatiounsministere/

Gratis Museksunterrecht fir all Kand: Kuckt hei d’Ried vum Sven Clement iwwert d’Reform vum Enseignement musical.
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3617/sequence/198883.html

Déiereschutz

 

  1. Hei am Land kritt een op verschiddene Plazen nach ëmmer lieweg Homarden als Iesswuer ze kafen. D’Homarde gi mat Keefeger um Mieresbuedem gefaangen a verhongeren deelweis an dësen, ier se aus dem Waasser gezu ginn. Homarden sinn schmerzempfindlech Déieren, déi virun allem Hëtzt net verdroen. Trotzdem ginn hinnen nach ëmmer d’Schéieren zesummegebonnen a si gi lieweg a kachend Waasser gehäit. An eisen Aen ass dat Déierequälerei an net vereenbar mam Déiereschutzgesetz.  https://piraten.lu/verkaf-vu-liewegen-homarden/
  2. Den Ëmweltministère hat matgedeelt, dass franséisch Juegdschäiner vum Niveau hier net méi den Ufuerderungen vum lëtzebuergeschem Juegdschäin entspriechen an deemno net méi hei am Land wäerten unerkannt ginn. Dat gëllt awer net fir Juegdschäiner, déi virum 31te Mäerz gemaach goufen. Mir fannen, dass hei muss nogebessert ginn an all d’Jeeër, déi hei am Land ënnerwee sinn, nämlech behandelt ginn. https://piraten.lu/franseisch-juegdschainer-zu-letzebuerg/

Digitalisatioun

Mir Pirate setzen eis géint den Asaz vu Spionagesoftware an, esou hunn mir schonn am Oktober eng Aktualitéitsstonn an der Chamber organiséiert. Dëse Mount koumen elo nei Informatiounen zur Pegasus Software eraus, déi mir Pirate schaarf verurteelen. Wéi d’Online-Plattform “the Citizens Lab” en Méinde matgedeelt huet, si mindestens 3 katalanesch EU-Deputéiert, 31 Deputéiert vu katalanesche Parteien, 3 Parlamentspresidenten an 2 Regionalpresidente vun de Spy-Softwaren Pegasus a Candiru ausspionéiert ginn. Villes déit drop hin, dass d’spuenesche Regierung hannert dëse Spionageattacke stécht. Mir Pirate sinn entsat iwwert dës Berichter a fuerderen eis Regierung, grad ewéi all aner europäesch Regierung op, esou Spionagesoftware wéi déi vun der Firma NSO net méi ze benotzen.

De ganze Communiqué fannt dir hei:

https://piraten.lu/asaz-vu-spionagesoftware/

Ëffentlechen Déngscht

Dëse Mount huet de Marc Goergen nogefrot, wéi et mam Télétravail an der Fonction publique steet:

https://piraten.lu/fro-lu-teletravail-an-der-fonction-publique-3/

Och hunn d’Piraten eng Fro gestallt, zum Personal wat vum Educatiounsministère agestallt ass (Administratiivt Personal, Enseignanten, Fonctionnairen an Employéeën):

https://piraten.lu/administratioun-vum-educatiounsministere/

 Famill

 

/

Gläichberechtegung an Gender

 

/

 

Kultur

 

 

Gratis Museksunterrecht fir all Kand: Kuckt hei d’Ried vum Sven Clement iwwert d’Reform vum Enseignement musical.
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3617/sequence/198883.html

 

D’Piraten hu sech an enger parlamentarescher Fro iwwert d’Ofrësspläng vun engem Deel vum Schlass zu Eesebuer informéiert:
https://piraten.lu/schlass-zu-eesebuer/

Mëttelstand

D’Aide de relance an d’Aide coûts non-couverts goufen eng weider Kéier verlängert. D’Regierung plangt se bis Juli auslafen ze loossen.

Natur, Ëmwelt & Klimaschutz

 

D’Textil- a Kleederbranche stellt eng héich globaliséiert a lukrativ Industrie duer, déi vill Länner mateneen verbënnt. D’Produktioun ass oft iwwert d’Kontinenter ewech organiséiert an d’Wuer mécht vill dausende Kilometer, bis se bei eis an de Kleederbutteker ze kafen ass.

Nohalteg ass dat net an dofir hu mir eis an enger QP e bësse méi intensiv mam Thema Kleeder beschäftegt. https://piraten.lu/onnohaltegkeet-vun-eiser-kleedung/

 

Santé

Bekanntlech gouf et an der Lëtzebuerger Arméi ganz streng Richtlinnen, wat d’Covid-Impfungen ugaangen ass.  Mir hunn nogefrot wéi et aktuell mat der Impfflicht bei der Arméi ausgesäit:
https://piraten.lu/impfflicht-armei-nofro/

Vun héijem Bluttdrock, Iwwergewiicht a Réckewéi, bis hin zu Diabetes an enger verkierzter Liewenserwaardung: d’gesondheetlech Konsequenze vu Büroskrankheete sinn net ze ignoréieren. Mir hunn an enger parlamentarescher Fro no Detailer gefrot :
https://piraten.lu/buroskrankheeten/

Nodeems et an der Seniorie zu Péiteng zu enger Heefung vu Covid-Infektioune koum, hunn d’Piraten nogefrot:
https://piraten.lu/covid-fall-an-der-seniorie-zu-peiteng/

Wéi den Artikel “Nachfrage für Impfungen rückläufig- Tausende Dosen landen im Müll” am Wort vum 5ten Abrëll bestätegt, sinn d’Impf-Statistike säit Enn Januar staark réckleefeg. Wat mëscht Lëtzebuerg mat den Impfdosissen?
https://piraten.lu/oflaafdatumer-vu-vaccinen-nofro/

D’Fro op en Zentrum, wou IRM-Analyse kënnen ugebuede ginn, dierf ausserhalb vum Spidol opmaachen, huet och an de Medie vill Opmierksamkeet erreegt. Mir hunn eng Fro un d’Ministesch gestallt:
https://piraten.lu/waardezaite-fir-irm-rendez-vousen/

 Sport

/

 

Wirtschaft a Finanzen

Enn Abrëll hunn d’Finanzministesch an de Wirtschaftsminister de Plan de reforme an de Pla de stabilité et de croissance virgestallt. Mir Pirate sinn enttäuscht, dass keng nei Projeten oder Iddie virgestallt goufen, an d’Regierung scheinbar just nach Projeten ofschléisse wëll. Wann mir wëllen d’Klima- an d’Logementskris an de Grëff kréien, brauche mir eng vill méi ambitiéis Politik ewéi déi vu Blo-Rout-Gréng.

Hei dem Sven Clement seng ganz Ried zum Thema:

https://www.chd.lu/ArchivePlayer/embed/3619/sequence/199587.html

Mir Piraten hunn dann och géint d’Reduzéierung vu 7,5 Cent pro Liter Mazout a Pëtrol fir Betriber gestëmmt. Dës 12 Millioune si fir eis net sozial cibléiert a feelen eis spéiderhin als finanziell Moyene wann et drëms geet d’Klimakris ze bekämpfen.

Dem Sven Clement seng Ried heizou:

https://www.chd.lu/ArchivePlayer/embed/3627/sequence/199957.html

 


0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.