Nei Kompetenze fir de Rettungsdéngscht?

An der Äntwert op d’Fro N°1800 iwwert d’Unerkennung vun der däitscher Formatioun vum Rettungssanitäter an de medezineschen Akten, déi Persoune mat dëser Ausbildung maachen dierfen, sot d’Ministesch 2020:
“Déi aktuell Gesetzgebung iwwer d’Gesondheetsberuffer zu Lëtzebuerg erlaabt de fréiwëllegen an haaptberuffleche Memberen vum CGDIS zu dësem Zäitpunkt net, Akten oder Techniken duerchzeféieren, déi duerch dës Gesetzer geregelt sinn.”

Persoune mat enger Rettungsassistent/Noutfallsanitäter-Ausbildung dierfen zu Lëtzebuerg – anescht wéi an Däitschland – also och an engem Noutfall keng medezinesch Agrëffer maachen oder Medikamenter ginn. Allerdéngs geet aus der Äntwert och ervir, dass sech dat eventuell ännere kéint, well am Kontext vun der Etude « État des lieux des professions médicales et des professions de santé au Luxembourg » vun der Madamm Lair zesumme mam CGDIS gepréift géif ginn, ob Ännerunge vum Gesetz sënnvoll kéinte sinn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat koum bei den Analyse vun der genannter Etude an de Gespréicher mam CGDIS eraus? 

    Sinn Erweiderunge vun de Kompetenze vun de fréiwëllegen an haaptberuffleche Memberen vum CGDIS geplangt?

  2. 2020 war dem Ministère net bekannt, wéi vill Persoune beim CGDIS eng Formatioun zum Rettungsassistent gemaach hunn. Ass mëttlerweil gewosst, wéi vill Persounen dës Formatioun oder d’Ausbildung zum Noutfallsanitäter gemaach hunn?

    Falls jo: Wéi vill Persounen hunn des Formatiounen (an absolutten Zuelen an a Prozent) gemaach?

    Falls nee: Ass d’Ministesch net der Meenung, dass des Zuele wichteg wieren, fir ze wëssen, wéi vill Persoune bei enger Unerkennung vum Diplom an enger Upassung vum Gesetz direkt um Terrain déi nei Akten duerchféiere kéinten?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7656

Zesummenhang posts

Zu Rodange gëtt de Bau vun engem Jugend- a Familljenhotel geplangt. Dëse Projet stéisst op Widderstand vu Biergerinnen a Bierger aus der Gemeng, well
D’Office Sociaux’en hei am Land leeschten ee wichtegen Déngscht, fir deene Leit, déi et hei am Land finanziell net iwwert Ronne packen, ënnert d’Äerm
An mindestens engem Foyer fir Leit déi op Lëtzebuerg geflücht sinn elo am Wanter Zoustänn, déi esou fir Kanner an och Erwuessener net gutt