Nato Bäitrëtt Finland a Schweden

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, 73 Joer nodeems d’NATO ge- grënnt gouf, trieden elo dann zwee weider Länner dem Bündnis bäi. Schweden a Finnland, do ass keen Zweifel drun, si staark Demokratien, déi ugesiichts dem Krich duerch Russland hir eege Sécherheet a Gefor gesinn.

Zanter 1814 schonn huet Schwede kee Krich méi kannt. Dat ass iwwer 200 Joer Fridden! An ech mengen, d’Hoffnung ass, datt dee Fridden de Schwe- den nach laang erhale bleift an domadder eis alle- guerten. An awer si se bereet, der NATO bäizetrieden an am Fall vum Declenchement vum Artikel 5 fir d’Partnerlänner mat anzestoen.

Mir Piraten begréissen, datt Finnland a Schwede sech dem Bündnis uschléissen. De Putin wollt mat senger weiderer Attack – an dat muss een ëmmer erëm be- tounen, et ass eng weider Attack, well et ass net déi éischt Attack op d’Ukrain – d’Limitte vun Europa an indirekt och vun der NATO testen a méi generell déi vum Westen testen.

Mee, anescht wéi nach 2014, war d’Reaktioun vum Westen dës Kéier schnell, staark a konsequent. Et si Sanktiounen an d’Weeër geleet ginn, déi Russ- land staark ageschränkt hunn. D’EU huet zesumme- gehalen. Dem Putin säin Zil, eis auserneenzedreiwen, gouf net erreecht. Mir si méi no zesummegeréckelt a wäerte mat Schweden a Finnland zwee verlässlech Partner derbäigewannen.

D’Zuele goufe scho genannt. Schweden huet eng ronn 50.000 aktiv Zaldoten. A Finnland kéint am Eeschtfall iwwer eng hallef Millioun Leit mobiliséie- ren. Dat sinn natierlech an deem Sënn erfreelech, wann een dat esou soe kann, Nouvellen, fir ze soen, d’Allianz gëtt gestäerkt. Mee u sech hoffe mer jo ëm- mer, datt mer se net brauchen.

Et huet een awer nach eppes anescht an deene leschte Woche gesinn an dat weist, firwat d’NATO

reforméiert muss ginn. D’Tierkei huet nämlech vun der Situatioun profitéiert a sougenannten Hostage Diplomacy gespillt, also Geiseldiplomatie, an an eisen Ae Fuerderunge gestallt, déi näischt méi mat der NATO ze dinn hunn.

Den tierkesche President Erdoğan huet de Bäitrëtt vun deenen zwee Länner esou laang blockéiert, well Schwede mat der PYD a PKK a Syrien zesumme- geschafft huet. D’Tierkei huet dunn d’Ausliwwerung vun 33 – an hiren Aen – „Terrorverdächtegten“ ge- fuerdert. Schweden a Finnland wäerten elo d’Ausliw- werung vun dëse Persounen ënnersichen.

Wéi awer och déi schweedesch Oppositioun, sti mir Piraten deem Accord net nëmme liicht, mee ganz staark skeptesch géintiwwer, well datt dës Persoune kéinten an d’Tierkei ausgewise ginn opgrond vun engem Accord, dee quasi als Konditioun geholl gouf, fir datt déi Länner kéinten der NATO bäitrieden, dat weist dach, datt d’NATO hei als Spillball genotzt gouf!

En NATO-Land dierft an eisen Aen de Bäitrëtt vun anere Länner net wéinst innepoliteschen Interessie blockéieren. D’Vetorecht vun all Member sollt hei just benotzt ginn, wann et sech wierklech ëm seriö Sécherheetsbedenken handelt. An do, mengen ech, ginn d’Siichtweisen dach ganz staark auserneen.

Dëst ass ee vun de Punkten, dee laut eis Piraten drén- gend misst reforméiert ginn. Grad ewéi awer d’Zwee- Prozent-Reegelung, wou een nach eng Kéier misst nei negociéieren a wou een op den Accord vu Wales zréck misst kommen. Well e Land wéi Lëtzebuerg kann dat net erfëllen, zumindest net ouni Pro-Kapp-Depensen auszeginn, déi vill méi héich géife leie wéi bei all anere Partner.

Fir eis Piraten muss awer och den Ausbau vun erneierbaren Energien, an domat d’Ofsécherung par rapport zu Länner wéi Russland, an eis Kontributioun agerechent ginn. Well e Land brauch hautdesdaags méi wéi eng Arméi, fir seng Onofhängegkeet ze schützen. Eis national Sécherheet hänkt net nëmmen un Attacke mat Panzeren, mee gëtt och definéiert vun de Konsequenze vum Klimawandel an deene Länner, aus deene mir eis fossill Energië bezéien.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir Pira- ten ënnerstëtzen de Bäitrëtt vu Schweden a Finnland, net ouni awer drop hinzeweisen, datt et déifgräifend Reforme brauch, fir d’NATO op d’21. Joerhonnert ze preparéiere respektiv derfir ze suergen, datt d’NATO am 21. Joerhonnert kann ukommen. Keng Elenggäng méi, mee e Verdeedegungsbündnis, wat am Kampf och géint de Klimawandel matmécht an de Partner- länner erméiglecht, fräi vu fossillen Energien an Of- hängegkeeten ze sinn.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Dës Motioun gouf mat Hëllef vun enger kënschtlecher Intelligenz (KI) erstallt. Als KI weisen ech op potenziell Risiken hin, déi mam Asaz vu kënschtlecher
Context: Interpellation n°4461 : Enjeux liés à la digitalisation et à l’intégration de l’intelligence artificielle dans les services publics D’Chamber vun den Deputéierten stellt
PEGASUS: dat ass eng Software, déi vu Staaten kaf gëtt fir Mënschen op hiren Handyen z’iwwerwaachen. Dës Software gouf schons vu Regierungen agesat, fir