Nach méi Plastik am Portmonnie?

Souguer wann ee guer keng Suen dobäi huet, ass de Portmonnie ëmmer gutt gefëllt – gefëllt mat Plastik. Jidderee vun eis dréit eng Jett Kaarten aus Plastik (sief et de Führerschäin, d’Identitéitskaart oder d’Kreditkaart) dagdeeglech mat sech ronderëm. D’Piraten hunn dem Minister fir d’Administrativ Reform dofir eng Fro iwwert eng potentiell Zesummeféierung vu Kaarten am Kader vun der Digitalisatioun an der administrativer Vereinfachung gestallt.

Hai fannt dir de ganzen Text vun der Fro:

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Administrativ Reform weiderzeleeden.

Ob Autos-Führerschäin, Carte d’identité oder Krankekeeskärtchen, all Bierger besetzt eng ganz Rëtsch vu Kaarten an Dokumenter, déi vu staatlechen Administratiounen oder vun delegéierte Plazen ausgestallt goufen. Am Privatsecteur ginn et mëttlerweil awer scho ressourcëschounend Alternativen zu dësem Chaos am Portmonnie. Schonn haut ass et bspw. méiglech, fir op eng eenzeg Kreditkaart verschidden anerer virtuell Kaarten ze lueden an esou d’Unzuel vu reelle Kaarten ze reduzéieren. En Vue vun der administrativer Vereinfachung an der Digitaliséierung kéint dës Piste, fir d’Unzuel vun de Kaarten ze reduzéieren, eigentlech och fir de Secteur publique ganz attraktiv schéngen, mee wéi aus dem Volet iwwert den CCSS aus dem Regierungsprogramm ervir geet, soll d’Unzuel vun de Kaarte duerch eng nei Kaart fir den tiers payant ganz am Géigendeel an Zukunft souguer nach an d’Luucht goen.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Wéi vill verschidden Dokumenter gi vum Staat, senge Servicer an delegéierten Entitéiten haut am Format vun der Kreditkaart editéiert?
  • Wéi eng vun dëse Kaarte kéinte legal zesummegefouert ginn a bei wéi enge gëtt dëst duerch en europäeschen Akt verhënnert?
  • Ass den Här Minister der Meenung, datt eng Reduktioun vun offiziellen Dokumenter, déi deelweis déi selwecht Daten ëmfaassen, eng Piste fir d’administrative Vereinfachung kéint sinn? Falls jo, plangt de Minister hei e Gesetz op den Instanzewee ze bréngen? Falls nee, proposéiert de Minister Alternativen fir d’Unzuel un Dokumenter, déi e Bierger muss bei sech hunn, ze reduzéieren?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven
Député

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene