A link to set a new password will be sent to your email address.
RGPD – Mir informéieren: Mir (Piratepartei Lëtzebuerg ASBL, genannt PPLU, Piraten, Mir), si responsabel fir den Traitement vun den Donnéeën, déi s du hei agëss. Fir weider Informatioune bezüglech eiser Data Policy kanns du eng E-mail un ahoi@web.piraten.lu schreiwen oder eis uruffen op den 20 60 66 1. Deng perséinlech Daten (Virnumm, Numm an E-Mailadress) ginn an engem Register, op deen just d’Administrateuren vun der Website Zougrëff hunn, gespäichert. Mat den Donnéeën déi s du ugëss kriss du am Géigenzuch ee Profil erstallt, mat dem s du Accès op den Intranet vun eiser Website kriss. Déi Daten, déi s du hei agëss, kommen net an eise Membersfichier. Falls du also zousätzlech Member wëlls ginn oder eisen Newsletter abonnéiere wëlls, muss du dech ob der entspriechender Säit nach emol separat umellen. Falls du deng Daten läschen oder ännere wëlls, schreif eis einfach eng Mail ob ahoi@web.piraten.lu. Ob des Mailadresse kanns du eis och schreiwen, wann s du Froen doriwwer hues, wat mat dengen Date geschitt, wien se traitéiert oder wann s de Abléck an deng Date kréie wëlls. Solls de eis en Zougrëff ob deng Daten nëmmen ënnert bestëmmte Bedéngungen erlaben, kanns de eis deng Konditioune virun denger Umeldung natierlech och gäre per Mail zoukomme loossen. Zu Lëtzebuerg këmmert sech d’CNPD dorëms, dass deng Daten RGPD-konform traitéiert ginn. Solls du konkret Froen zum RGPD hunn oder dech an denge Rechter verletzt fillen, hues du allzäit d’Recht dech un si ze wenden.