Motioun fir méi Ennerstëtzung vu Streetworker

Context:Aktualitéitsstonn zu der Organisatioun vun der Sécherheet am ëffentleche Raum

D’Deputéiertechamber stellt fest:

  • Dass 2020, 18,3% vun der Bevëlkerung engem Aarmutsrisiko ausgesat waren, ee Prozentsaz dee säit 2011 an d’Luucht gaangen ass ;
  • D’Regierung 2013 eng Strategie géint Obdachlosegkeet virgestallt huet. Zu dëser huet och d’Abannung vu Streetworker vun der Asbl Inter-actions an d’Para-Chute Projeten zu Esch an Ettelbréck gehéiert ;
  • Dass et nach ëmmer vill Gemenge ginn, déi nach net iwwert Jugendhaiser verfügen an dës net onbedéngt gläichméisseg am Land verdeelt sinn ;
  • Dass et och scho Projete gëtt, déi gutt mat den Jugendhaiser funktionéieren, wéi zum Beispill de Projet “Outreach Youth Work”, wou aktiv de Kontakt mat Jugendleche gesicht gëtt, déi sech net an anere Betreiungsstrukture mellen ;
  • Esou Projete méi finanziell Ënnerstëtzung brauchen ;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung:

  1. De Gemenge méi finanziell Mëttel zur Verfügung ze stellen, fir Street Worker ze beschäftegen an an Zesummenaarbecht mat dësen, sozial Projeten opzebauen.

D’Motioun gouf mat de Stëmmen vun der Majoritéit ofgeleent.

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen