Motion de M. Yves Cruchten relative à la poursuite des travaux concernant l’élaboration et la mise en œuvre de la stratégie globale de prévention en matière de dépendance

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Also mir ënnerstëtzen dat och mat, well och wa mir
fir d’Legaliséierung vum Cannabis sinn an d’Regierung eis net wäit genuch geet, mir net gesinn, dass
dat esou zilféierend wäert sinn, wéi se am Moment
dat mat den Texter wëlles huet – mir wäre vill méi wäit
gaangen –, si mer awer der Meenung, dass d’Leit sollten opgekläert ginn an dass een eng Informatiouns-campagne sollt maachen. Dat mécht een och beim
Alkohol, dat mécht ee bei anere Saachen. Esou ass fir
eis de Cannabis dat selwecht. Et ass net, fir en ze verdäiwelen. Et ass einfach nëmme fir ze informéieren.
Ech mengen, jidderee weess, dass mir zimmlech locker
sinn, wat de Cannabis ubelaangt. Dass een domadder
net däerf Auto fueren, all déi ganz Geschichten, do si
mer vollkommen averstanen. Et ass just, wann ee verschiddene Riedner lauschtert, muss een och oppassen,
dass et awer herno net eng Campagne gëtt, fir en ze
verdäiwelen. Virdrun ass hei ugeschwat ginn, eng
Campagne wier zwar positiv; et däerf och keng gi fir
ze verdäiwelen. Wann esou eppes gemaach gëtt, da
muss et wierklech wëssenschaftlech neutral sinn, weeder vun där enger Säit nach vun där anerer. Ech géif et
warscheinlech e bësse méi positiv duerstelle wéi verschidden aner Leit heibannen, mee et muss wëssenschaftlech ganz neutral sinn.
Jo, vläicht ginn d’Zuele liicht erop bei deene Jonken,
wann et legaliséiert ass. Et däerf een awer an där selwechter Statistik net vergiessen, dass doduerjer déi
haart Drogen erofginn, well se net méi bei den Dealer
ginn an net méi an d’Verféierung kommen, fir herno
op déi haart erofzerutschen. Dat soen awer och d’Rapporte weltwäit, net vläicht déi vun der UNO, mee déi,
déi mer virdru gelies hunn an der Virbereedung, well
an der Justizkommissioun en Text war. Dat heescht,
duerch déi Legaliséierung verhënnert een déi staark
Drogen an deementspriechend ass et awer e gudde
Schrëtt.
Dat eenzegt, wat ech mech elo froen … Ech kann déi
zwou Motioune matstëmmen. Ech hat just am Kapp,
dass een net zweemol dierft déi selwecht Motioun deposéieren. Ech hunn op d’Vitess net dee ganz groussen Ënnerscheed erausgelies. Eigentlech war et jo
ëmmer esou, dass een net duebel Motiounen eragëtt,
well wa mer mat deem System bis ufänken, dat gëtt e
bësse komesch herno am Debat. Da maacht Dir Motiounen, da maache mir schnell déi selwecht nach
eng Kéier, an ëmgedréint, déi ganz Zäit.
Ech hat ëmmer geduecht, et wär vum President net
gewënscht, dass een zweemol déi selwecht Motioun
mécht. Ech ka se awer allen zwou matstëmmen, och
wann et u sech zweemol dat selwecht ass.

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat