Motion de M. Jeff Engel en concernant l’autorisation de la pratique de radiodiagnostic au Centre médical Potaschberg

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Engersäits weist dat heite kloer, datt sech Privatinvestisseure fonnt hunn, fir en IRM an den Osten ze setzen. Dat weist, datt et e Besoin gëtt, well et geet keen hin an investéiert säin eegent Geld, wann et kee Besoin gëtt. Dat ass, mengen ech, den éischte Constat,
deen ee muss stellen. An deementspriechend musse mer eppes maachen, fir dee Besoin ze befriddegen.
Et ass awer de falsche Wee, fir d’Päerd de falsche Wee
opzesuedelen an elo wëllen eppes ze forcéieren, wou
d’gesetzlech Basis net do ass a wou och den Tariff net
do ass.
Mir sinn als Piraten fir eng staark ëffentlech Gesondheetsversuergung an net fir eng Privatiséierung vum
Gesondheetswiesen. An deementspriechend feelt eis
an deem heite Kontext e bëssen den Iwwerbléck, éischtens och, wéi déi genau Verhältnisser an där Struktur sinn, well do gëtt et och ënnerschiddlech Erzielungen, déi een aus der Press kann zéien. Engersäits gëtt gesot, et wären nëmmen Dokteren, déi alleguerten
exercéieren däerfen, déi Proprietär vun deem Gerät wären. Anerersäits gëtt vun Investore geschwat, déi net Dokter wären.
Mir feelt Stand haut den Iwwerbléck iwwert déi Situatioun. An deementspriechend kënne mir eis haut och net prononcéieren, wéi een dat am einfachste kéint denouéieren. Et soll een et séier maachen. Mee mir wäerten eis haut hei enthalen.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll