Motion de M. Fernand Kartheiser relative à la mise en place d’un mécanisme qui assurerait que les prix de certains produits pétroliers soient inférieurs à ceux des pays voisins

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Also ech hu Verständnis fir déi Motioun an déi Thematik, mee mir Piraten sinn awer guer net dermat
averstanen, dass mer géifen higoen an de Pëtrol méi
bëlleg maachen. Ech mengen, mir hunn eis schonn
dergéint ausgeschwat, dass déi 7,5 Cent erofginn,
da si mer bestëmmt net derfir, dass een nach vill méi sollt erofgoen.
Ech kann och kuerz erklären, wéisou: Well esou eng
Remise op der Pompel eigentlech guer kee sozialen Effekt ass. Dat bréngt éischter deenen eppes, déi wierklech Sportsween oder sou eppes fueren, wéi deenen,
déi een hei eigentlech mat der Motioun wëll …
(Brouhaha et exclamations)
Dir kënnt jo eng Kéier rechnen, wat e Sportswon verbraucht a wat en anere verbraucht a wat Der da mat
Ären 30 Cent géift deementspriechend spueren. Mir
sinn do méi sozial agestallt, dat ass eeben esou.
(Hilarité)
Mir wëssen hautzudaags, dass 1 Euro, dee verdéngt
gëtt mat engem klimaschiedleche Produit, herno 10 Euro Reparatur wäert kaschten. Ech mengen, dat däerfe mer och alleguerten net vergiessen, eis virun Aen ze féieren.
Jo, d’Klimakris ass nach ëmmer do. Mir Piraten hunn
dofir vun Ufank u gesot, och ier elo déi Pëtrolsproblemer duerch de Krich oder virdrun am Dezember
schonn opgetaucht sinn, dass mer endlech e Klimakreditt bräichten. Dat heescht: Et huet een esou vill
CO2 zegutt, dat iwwer eng Negativsteier, an duerno
gëtt et méi deier. Dat ass einfach dee beschte Modell,
fir dass ee fir d’Leit kann en Ureiz schafen, fir eeben
deementspriechend ze spueren.
A jo, mir Piraten stinn och dozou, dass mer aus dem
Tanktourismus eraus wëllen. Mir hätte léiwer en Elektrotourismus, dass d’Leit hir elektresch Autoe bei eis
géifen tanke kommen, well hei endlech den Elektro,
deen ee luet, manner wéi 40 Cent géif kaschten. Anstatt dass mir méi deier si wéi d’Ausland op deene
Präisser, hätte mir gär, dass mir en Elektrotourismus
hei zu Lëtzebuerg hätten, mat Schnellluedestatiounen. Mee dat ass leider verpasst ginn! Mee mir hoffe
jo alt, dass dat sech elo 2023 wäert änneren.
Virdrun ass gesot ginn: „D’Nopeschlänner …“. Jo,
d’Nopeschlänner hunn och eng besser Klimabilanz
wéi mir. Mir sinn hannert dem Katar déi zweetschlechtst op der Welt! Dat däerf een net vergiessen.
Et ass ëmmer schéin, d’Nopeschlänner mat eis ze
vergläichen. Mir hunn awer eng total schlecht Klimabilanz, also musse mer eppes maachen, anescht
komme mer do net eraus.
A wann et eng Kéier mam Tanktourismus … Et ass
schéin a gutt, just de Montant ze huelen, dee mer am
Budget eranhuelen. Huelt awer emol eng Kéier, wat
mer musse kompenséieren u Certificaten, well mer
iwwer eis Moyene liewen. An deementspriechend
gi mer herno beim Tanktourismus nach mat engem
Minusgeschäft eraus, well mer hei Pëtrol verkafen,
wou mer herno musse kompenséieren. Also ass am
Budget och net vill geschafft.
An d’Diskussioun mat den Nopeschlänner, dass et
méi bëlleg ass, jo, dat ass eng Diskussioun, déi ee
ka féieren. Mee ech wëll awer och do uféieren, dass
mir zu Lëtzebuerg immens héich sozial Standarden an
immens héich, sozial Gehälter hunn. An ech mengen,
et ass och keen, deen dorunner géif fréckele goen, fir
dass op eemol an de Supermarchéen de Botter oder
iergendeppes méi bëlleg gëtt. Well mir hunn eeben
zu Lëtzebuerg grouss sozial Errungenschaften, an
déi gëllt et och ze verdeedegen. An dann ass et net
fir ze soen: „Am Ausland ass alles méi bëlleg.“ Jo, mir
hunn awer nun emol eis Gehälter hei a fir eis Piraten
mussen se bleiwen wei se sinn.

M. Sven Clement (Piraten) | Ganz gutt!

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat