Moduläre Schoulsystem

Duerch déi ablécklech starr an inflexibel Struktur am Secondaire, gi staark Schüler bannent enger Klass ënner, méi schwaach Schüler iwwerfuerdert. De Schoulsystem geet kaum bis guer net op déi perséinlech Interessien, Fäegkeeten an Talenter vum Schüler an. Dës féiert dacks zum Verloscht vun der Motivatioun.

Duerch d’Verschmëlze vum Secondaire kënne mir elo mat engem moduläre Schoulsystem optimal op déi perséinlech Schwächten a Stäerkte vun all Schüler agoen. Heifir soll de Stonneplang vun all Schüler an zwou Kolonnen, bestoend aus Flichtmoduler a Walmoduler opgedeelt ginn. Ab 10eme kënnt eng drëtt Kolonn fir d’Spezialiséierungsmoduler dobäi. Dës Moduler sinn, jee no Komplexitéit, hirersäits nach eng Kéier méi oder manner fein a Schwieregkeetsgraden agedeelt.

Donieft soll e gutt resp. e manner gutt Ofschneiden an de Flichtmoduler net méi entscheedend fir d’Wal vun der spéiderer Beruffsausbildung sinn. All Schüler steet, onofhängeg vu senge Sproochkompetenzen, jiddwer Walmodul a spéider jiddwer Spezialiséierungsmodul zur Auswiel.

Den Educatiounsministère huet d’Aufgab, an Ofsprooch mat de respektive Beruffskummeren, fir all Ausbildungswee e Schema mat den ideale Moduler a Schwieregkeetsgraden ze proposéieren, fir eng bestëmmte Beruffs-, respektiv Studiumsqualifikatioun ze erreechen. Et läit awer um Schüler, wéi exakt en sech un déi Virgaben hält. D’Zil ass et, datt e Schüler sech seng Ausbildung mat Hëllef vu Walmoduler a fachspezifesche Moduler esou zesummestelle kann, wéi et sengen Interessien a Fäegkeeten entsprécht.

Zesummenhang posts

Am Juli 2023 hat ech dem Minister e puer Froen zum Subside de Qualité+ an dem Règlement grand-ducal vum 23ten Dezember 2016 gestallt (Fro
Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.