D’Piraten fuerderen en Ëmdenken an der lëtzebuergescher Familljepolitik. Gebraucht gëtt en neie Modell vu Kannerbetreiung, een deen et Koppelen an Elengerzéienden erméiglecht, e selbstbestëmmt Liewen ze féieren. Duerch en Ausbezuele vum Chèques-Service-Accueil (CSA) kéint eng fair a modern Kannerbetreiung Realitéit ginn. Den aktuelle Modell ass eng Sakgaass, an där d’Regierung de Familljen ee Liewensmodell imposéiert. D’Piraten opposéieren déi aktueller Familljepolitik vum Entscheedungszwang a proposéieren eng Visioun vum fräie Choix a Selbstbestëmmung.
Rezent Diskussiounen an der Chamber ronderëm de Sozialpanorama 2021 vun der Salariatskummer hu gewisen, dass d’Aarmut hei am Land fir vill Persounen ëmmer méi erdréckend gëtt. Besonnesch kritesch ass d’Situatioun do, wou Kanner mat am Spill sinn a wou d’Elteren oder Elengerzéiender keen anere Choix hunn, wéi hier Kanner an eng Betreiungsstruktur ze ginn, fir schaffen ze goen – an dat oft och nach a schankenhaarde Beruffer. Leit déi wéineg verdéngen, hu kee Choix. Si kënnen net ganz oder zum Deel doheem bei hire de Kanner bleiwen. Si musse schaffe goen.
Gläichzäiteg feelen a ville Gemengen hei am Land ëmmer nach adaptéiert Betreiungsstrukture fir Kanner. D’Maisons Relais’en platzen aus alle Néit, wärend d’Bevëlkerung ëmmer weider wiisst an och nach weider wuesse wäert. Ëmmer méi Kanner musse betreit ginn, mee net fir all Kand ass eng Plaz disponibel.
Méi komplizéiert gëtt d’Situatioun dann nach doduerch, dass d’Majoritéit vun de Crèchen an de Maison Relais’en sech net un onreegelméisseg Aarbechtszäiten upasse kënnen. Virun allem Leit, déi owes oder an der Nuecht schaffen, kréien d’Liewen domadder nach méi schwéier gemaach.
D’Kannerbetreiung hei am Land ass zënter Joren ënnert de Féierung vun der DP an et gëtt ëmmer méi däitlech, dass mir op e System histeieren, an deem d’Leit op d’Schaffen an d’Cotiséiere reduzéiert ginn. Et gëtt, wéi esou oft an den DP-Ministèren, delegéiert: d’Betreiungsstrukture sollen iwwert de Mechanismus vum Marché d’Kannerbetreiung gestalten. Deen éischten ass vir an de leschten hat Päsch! De Familljen- a Bildungsministère (béid DP) kucken no. An dat Nokucke kascht de Staat richteg Geld.
All Joers gëtt de lëtzebuergesche Staat honnerte Milliounen Euro aus, fir d’Crèchen an d’Betreiungsstrukturen ze finanzéieren. Eleng de Budget vun der Zukunftskeess bedréit 1,2 Milliarden Euro. Mee trotz dësen héijen Ausgaben, muss ee feststellen, dass d’Kannerbetreiung zu Lëtzebuerg engem selbstbestëmmte Liewe keng Chance gëtt. Ganz am Géigendeel: d’Eltere kréien de Choix ewechgeholl a vun der Regierung ee Liewensmodell virgeschriwwen, an deem d’Eltere schaffe sollen an d’Kanner a Strukture betreit ginn.
D’Piratepartei wëll eng fair a modern Familljepolitik, eng Politik nom Prinzip vun der fräier Selbstbestëmmung, déi der Villfalt vun de verschiddenste Liewensstiler Rechnung dréit. Eng modern Politik däerf de Läit net ee Liewensmodell opzwéngen, mee muss de Mënschen de Choix loossen.
Dofir musse mir nei Weeër goen. Mir plädéiere fir eng Stafflung an eng Plafonnéierung vun de Familljenallocatioune proportional zum Akommes vun de Stéit a verweisen op eis Iddi vum “borem Chèque-Service”. Jidderee soll fräi entscheede kënnen, ob en seng Kanner an enger Struktur wëll ginn, oder léiwer selwer bei senge Kanner doheem bleiwe wëll. Wien sech fir eng Betreiung an enger Stuktur entscheet, soll dofir eng finanziell Ënnerstëtzung erhalen (esou wéi dat aktuell jo och schonns de Fall ass) a wien seng Kanner léiwer selwer doheem betreie wëll, soll d’Zomme vum Chèque-Service kënnen ausbezuelt kréien.
Et ass net un der Politik ze decidéieren, wéi d’Mënschen hiert Liewe wëlle gestalten. Mir brauchen eng Familljepolitik, déi nees de Mënsch an de Mëttelpunkt stellt an net just seng Aarbechtskraaft.