Impakt vum neie Mietgesetz op Regierungsmemberen a Conseilleren

Duerch de Gesetzesprojet 7642 zum Mietgesetz wäert de Plaffong fir d’Loyere duerch nei Coefficienten änneren. Laut dem Arrêté grand-ducal du 14 mars 2022 fixant les règles déontologiques des conseillers qui sont adjoints au Gouvernement an dem Arrêté grand-ducal du 14 mars 2022 fixant les règles déontologiques des membres du Gouvernement, mussen d’Regierungsmemberen an d’Conseilleren dem Premier eng Deklaratioun virleeën, an der si ë.a. mussen d’Unzuel un Immobilië virleeën, déi si verlounen oder eidel stoen hunn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass de Logementsminister selwer Propriétär vun enger Immobilie déi e ka verlounen?

  2. Kann de Logementsminister ausschléissen, dass hien duerch den neie Coefficient perséinlech vun der Ëmsetzung vum neie Mietgesetz profitéiert?

  3. Kann de Premier ausschléissen, dass aner Regierungsmembere perséinlech kéinte méi héich Loyeren duerch de Projet de loi 7642 froen?

  4. Wéi eng Regierungsmemberen a Conseilleren hunn de Punkt vun den Immobilien an hirer Deklaratioun uginn? Em wéi vill Immobilien handelt et sech jeeweils?  • Ginn dës Immobilië momentan verlount oder stinn se eidel? • Wat ass d’Baujoer vun deene jeeweilegen Immobilien?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7162

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt