ACCOUNT

Gëtt Member

Maacht mat bei de Piraten!

Fir Member vun der Piratepartei ze ginn, kënnt
Dir einfach e Formulaire mat Äre perséinlechen
Informatiounen ausfëllen.

Weider Informatiounen iwwer d’Rechter a Pflichten als Member fannt Dir an eise Statuten.

D’Memberskaart ass digital, fir d’Ëmwelt gär ze hunn.
Op Wonsch kënne mir se awer a Pabeierform weisen.

Fir Member bei der Piratepartei ze ginn, kanns du einfach eng E-Mail schreiwen op ahoi@piraten.lu mat dengem Numm, E-Mailadress an Adress oder de Formular hei ënnerndrënner ausfëllen.

D’Memberskaart kascht 10,00€ fir d’lafend Joer. De Betrag kanns du op de folgende Konto iwwerweisen:

Piratepartei Lëtzebuerg asbl
BCEELULL
LU67 0019 3255 6480 6000
Kommunikatioun: “Membersbäitrag + däin Numm + deng Gemeng”

Du kanns de Betrag och ganz einfach mat der Kreditkaart um folgende Link bezuehlen: cotisation.pp.lu

All Informatiounen iwwert deng Rechter a Fliichten als Member fënns du an eiser Satzung.

D’Memberskaart ass digital, der Ëmwelt ze léift. Op Ufro kënne mir se awer gären a Papeierform ausstellen.

D'Satzung fannt dir ënnert der Rubrik "Partei"
Mir (d'Piratepartei Lëtzebuerg ASBL) si responsabel fir den Traitement vun den Donnéeën, déi s du hei agëss. Mir späicheren dës Kontaktdaten an enger temporärer Datebank. Dës Donnéeë ginn no enger interner Iwwerpréiwung duerch de Koordinator oder engem vun him beopdroten Mataarbechter an eise Membersfichier agedroen. Mam Akzeptéieren an Ofschécke vun dësem Formulaire akzeptéiers du, dass deng Donnéeën an eisem Membersfichier däerfe gespäichert ginn. Deng Donnéeë kënnen da vun eis benotzt ginn, domat mir eis mat dir a Verbindung setze kënnen (Invitatioune per Bréif a Post, Verschécke vun eisem Newsletter, etc.) Falls du deng Donnéeën hei aginn hues a wëlls, dass mir dës läschen oder änneren, schreif eis einfach eng E-Mail ob ahoi@piraten.lu. Solls de eis en Zougrëff ob deng Daten nëmmen ënnert bestëmmte Bedéngungen erlaben, kanns de eis deng Konditioune virun denger Umeldung natierlech och gäre per Mail zoukomme loossen. Fir weider Informatioune bezüglech eiser Data Policy, oder wann s du Froen doriwwer hues, wat mat dengen Donnéeë geschitt, wien se traitéiert oder wann s de Abléck an deng Donnéeë kréie wëlls kanns du eng E-mail un eisen Data Protection Officer op privacy@piraten.lu schreiwen oder eis uruffen op der Nummer 20 33 37. Zu Lëtzebuerg këmmert sech d’CNPD dorëms, dass deng Donnéeë RGPD-konform traitéiert ginn. Solls du konkret Froen zum RGPD hunn oder dech an denge Rechter verletzt fillen, hues du allzäit d’Recht dech un si ze wenden.