Kontrakter vun de Schüler am LTPS

Op RTL.LU ass haut op der Haaptsäit ze liesen, dass d’Infirmiersschüler, déi wärend der Coronakris iwwert een CDD vum Staat agestallt goufen, fir ze hëllefen, hiere Kontrakt gekënnegt kruten. De Gesondheetsministère huet erkläert, datt d’Aarbechtskontrakter fräiwëlleg vum LTPS gekënnegt goufen, well d’Schüler nach hier Formatioun ofschléisse missten an deemno hier Stagen misste fäerdeg maachen, fir d’Joer ze packen. Den LTPS huet zur selweschter Zäit ee Mail u seng Schüler geschéckt, wou rieds dran ass, dass den LTPS keen Afloss op d’Decisioun hat, well déi vum Ministère koum.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Déi Dammen an Häre Ministeren: wéi eng vun deenen zwou Versiounen entsprécht der Wourecht a firwat sinn d’Aussoen vu béiden Instanzen kontradiktoresch?
  2. Op Grond vu wéi engen Dispositioune kann een Employeur ouni den Accord vum Employé een CDD virum Enn vun der Frist einfach esou kënnegen?
  3. Wäert d’Regierung de d’Schüler, déi hier Zäit, Aarbecht a Gesondheet fir d’Wuel vun der Bevëlkerung agesat hunn, ob mannst d’Indemnisatiounen, déi hinnen bis de 29te Mee zoustoungen, ausbezuelen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2172

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt