Lokalitéite vu Bestietnesser wärend dem COVID-19
Aus den Artikelen vun RTL.lu (Zeremonie temporär och an aner Lokalitéite méiglech, mat Masken) vum 7te Mee 2020 geet ervir, dass d’zivil Bestietnesser an d’agedroe Partnerschafte kënnen temporär och an anere Lokalitéiten an de Gemengen organiséiert ginn.
Sou wéi den Artikel 25 vum Gemengegesetz et virgesäit, hu mir dem Schäfferot a Buergermeeschter an dem Zesummenhang folgend Fro gestallt:
Wéi eng temporär Lokalitéiten an der Gemeng Péiteng huet de Schäfferot fir d’zivil Bestietnesser an d’agedroe Partnerschafte erausgesicht?
0 Comments