Klimaschutz innovativ: CO2 aus der Loft filteren

D’Piraten hunn an der Chamber eng Gesetzespropose deposéiert, an där et dorëms geet, fir negativ Emissiounstechnologien (Carbon Capture) massiv auszebauenëtzebuerg zum europäeschen Zentrum vun dëser Technologie ze maachen, dank eiser internationaler Finanzplaz. D’Propose huet zum Zil fir vu Lëtzebuerg aus déi ganz Welt méi schnell zur Klimaneutralitéit hin ze beweegen.

An de leschte Joren hu verschidden Etüden erausfonnt, dass d’Reduktioun vun den CO2-Emissiounen eleng net méi duer geet, fir eist Klimazil vu maximal 1,5 Grad Äerderwiermung z’erreechen. Parallel zur Reduktioun vun den Zäregaser mussen also och Ustrengungen ënnerholl ginn, fir de bestoende CO2, deen elo schonn an der Atmosphär ass, eraus ze kréien. Mir schwätzen heibäi vum Carbon Capture oder negativen Emissiounstechnologien.  

Beim Carbon Capture geet et dorëm, fir den CO2 aus der Loft eraus zefilteren an an anere Forme fest ze setzen, wou en dann net méi zur Äerderwiermung bäidréit. Da kann ënnert verschiddene Forme sinn : a Steeschichten oder a Baumaterialie wéi dem Bëtong. Et existéiert och d’Méiglechkeet fir d’Hierstellung vu sougenannten e-Fuels. Dës Dreifstoffer sinn op mannst CO2-neutral an eegnen sech, fir den Undeel vu fossillen Dreifstoffer kuerz- a mëttelfristeg nach ee Mol ze reduzéieren. D’Gesetzespropose vun de Piraten wëll d’Investissementer an negativ Emissiounstechnologien an d’Luucht dreiwen. Negativ Emissiounstechnologië sollten esou schnell wéi méiglech op grousser Skala asazbereet sinn, fir de Carbon Capture am grousse Stil weltwäit anzeféieren. 

Mir proposéieren dofir een Aspeisetariff (L-NET), änlech wéi e mam leschte Stroumgesetz agefouert gouf, fir d’Subventioun vu Projeten, déi a negativ Emissiounstechnologien investéieren. Dëse Subventiounsprogramm soll Lëtzebuerg zu engem Virreider am Beräich maachen a vill Projeten heihinner lacken. Zousätzlech zum PNEC soll dës Moossnam Lëtzebuerg nach méi schnell zur Klimaneutralitéit bréngen.

Fir d’Finanzéierung vum Projet proposéieren d’Piraten, fir de Klimafong ze notzen, wou aktuell nach vill Suen ongenotzt leien an deen dofir geschaf gouf, fir ee Beitrag zur Klimakris ze leeschten.

Projets Nummer: 8096

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt