Här President,
Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Bildung weiderzeleeden.
Am Kader vun dësem Projet goufen och Elterevertrieder invitéiert, hiren Avis zu der Fërderung vun der sexueller Gesondheet an der Schoul of ze ginn.
D’Thema vun der sexueller Gesondheet an d’Fro, wéi ee Kanner ab dem Primärschoulsalter scho mat dësem Sujet a Kontakt brénge kann, polariséieren: Extrem konservativ Astellunge stinn ultra liberale Virstellunge géigeniwwer an dofir ass et onméiglech alleguerten de Fuerderungen aus der Zivilgesellschaft gerecht ze ginn.
Gläichzäiteg ass et en extrem villsäitegt Thema, wat Gläichberechtegung, Gewaltfräiheet, sexuell Selbstbestëmmung an d’Freed um eegene Kierper an un der eegener Sexualitéit fir Persoune vun alle Geschlechter, aus alle Kulturen, vun all Alter a mat oder ouni Behënnerung behandele soll. Persoune mat verschiddensten Hannergrënn missten dofir an e participative Prozess agebonne ginn, fir ze verhënneren, dass gewësse Persounegruppe wärend de Consultatioune vun de Ministèren net representéiert sinn.
-
Mat wéi engen zivilgesellschaftleche Gruppen (Elterevereenegungen, Veräiner oder net organiséierte Gruppéierungen) huet de Bildungsminister am Kader vun deem neie Projet iwwert d’Fërderung vun der sexueller Gesondheet Kontakt opgeholl?
-
Wéi huet de Bildungsminister séchergestallt, dass och Eltere vu Kanner mat kierperlechen oder geeschtegen Aschränkunge consultéiert ginn?
-
Wéi huet de Bildungsminister séchergestallt, dass Eltere consultéiert ginn, déi verschiddensten kulturell Hannergrënn hunn?
-
Wéi huet de Bildungsminister séchergestallt, dass och Eltere vun transsexuelle Kanner consultéiert ginn?
-
Wéi huet de Bildungsminister séchergestallt, dass och Eltere vun intersexuelle Kanner consultéiert ginn?
-
Wéi huet de Bildungsminister séchergestallt, dass och Eltere vu Kanner, déi lesbesch, schwul oder bisexuell sinn, consultéiert ginn?
-
Huet de Minister och d’Schüler selwer (insbesonnesch aus de méi héije Klassen) gefrot, wéi si sech virstellen, dass de Sujet vun der Sexualitéit an der Schoul kéint thematiséiert ginn?
-
Wat mécht de Minister mat den Avisen, déi d’Elterevertrieder (an eventuell Schüler oder aner Gruppen) ofginn hunn?
Wéi fléissen d’Avisen an déi ministeriell Aarbecht an?
Wäerten ëffentlech zougänglech Rapporten iwwert d’Consultatioune mat der Zivilgesellschaft gemaach ginn, an deene festgehale gëtt, wat déi eenzel Virschléi vun den Elteren (an eventuell de Schüler oder anere Gruppen) waren, a wéi eng Iddien aus wéi enge Grënn verworf oder zeréck behale goufen?
Fro n°3146