Leit, déi op den Auto ugewise sinn, net am Stach loossen!

D’Präisser op der Pompel sinn explodéiert an net jidderee kann elo direkt een Elektroauto kafen.

Mir dierfen d’Leit, déi op den Auto ugewise sinn, net am Stach loossen a mussen hinnen elo direkt hëllefen.

Dofir hu mir an der Chamber gefuerdert, dass d’Frais de Déplacement erhéijt ginn an esou jiddereen direkt bei sengem nächste Salaire manner Steieren ofgezunn kritt.

D’Regierung wollt dat awer net!

Hei den Text vun eiser Propose:

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Opgrond vum aktuelle geopolitesche Kontext sinn d’Präisser fir fossil Energien hei am Land an d’Luucht geschoss;
  • Mënschen, déi vill op hieren Auto ugewise sinn an all Dag eng zéch Kilometer musse fueren, fir op hier Aarbecht ze kommen, sinn direkt vun der Präisshausse vum Petrol betraff;
  • Laangfristëg ass et d’Zil, de Fuerpark am Land elektresch ze kréien. Kuerzfristëg ass dat Zil awer net realiséierbar, well d’Liwwerzäite fir een Elektroauto bis zu 15 Méint bedroe kënnen. D’Mënschen kënnen hieren Auto also net bis dat nächst Joer auswiesselen a musse méi Suen fir de Sprit virgesinn;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. d’Frais de Déplacement op 115€ pro Unitéit z’erhéijen, fir de Leit direkt ënnert d’Ärm ze gräifen.

Verlaf an der Chamber

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat