LamA

Mam “Lëtzebuerger am Ausland” (kuerz LamA)-Programm, kënne Residente Bescheed soen, ier se eng Auslandsrees maachen oder ier se an d’Ausland plënneren. Am Fall, wou Schwieregkeeten op der Plaz géifen optrieden (zum Beispill Konflitker oder Naturkatastrophen), soll de Lëtzebuerger Staat esou méi séier wëssen, wou d’Residenten dru sinn, an hinnen iwwert d’Netzwierk aus Ambassaden a Konsulater besser hëllefe kënnen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Leit sinn am Moment op der Lëscht vum Ausseministère agedroen? Wat sinn hei déi heefegste 3 Länner, déi d’Leit uginn hunn?

  2. Wéi hunn dës Zuelen an de leschte 5 Joer (opgelëscht no Mount) evoluéiert? Wat waren, iwwert déi lescht 5 Joer gekukt, déi heefegste Länner, déi d’Leit uginn hunn?

  3. Ass de Ministère der Meenung, dass de LamA bekannt genuch ass zu Lëtzebuerg? Oder mussen hei nach Efforte gemaach ginn, fir dass méi Leit dësen notzen – virun allem wann se an d’Net-EU-Ausland reesen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt