Kënschtler brauche Raim fir hir Kreativitéit
Den Haaptproblem, deem jonk Kënschtler zu Lëtzebuerg um Ufank vun hirer Karriär géigeniwwer stinn, sinn déi héich Immobiliëpräisser. En Atelier zousätzlech zu der enger Wunneng ze lounen, well ee fir ze schaffe Maschinnen a Material brauch, déi een net an enger Residence ënnerbrénge kann, ass onbezuelbar. An och schons eng Wunneng, déi grouss genuch ass, fir en Atelier dran anzeriichten, ass schwéier ze finanzéieren, wann een net d’Chance huet, aus enger finanziell bessergestalltener Famill ze kommen. D’Chance sech berufflech verwierklechen ze kennen, däerf awer net vun der sozialer Hierkonft ofhänken.
Eng kuerzfristeg Mesure, wéi d’Politik hei hëllefe kann, ass d’Bereetstelle vu vollwäerteg ausgerüsteten Atelieren, déi fir d’Dauer vun engem Projet gratis zur Verfügung gestallt kenne ginn. Des Ateliere kéinten d‘Kënschtler fir gewëssen Zäitraim buchen an esou hier Wierker realiséieren, ouni sech engem grousse finanzielle Risk exposéieren ze mussen. Laangfristeg muss d’Politik sech derniewent natierlech ganz generell fir eng Senkung vun den Immobiliëpräisser asetzen. Et wär dem Staat schons haut méiglech ëmfaassend Wunnengen ze bauen a fir 10 Euro pro Quadratmeter ze verlounen ouni Verloscht ze maachen. Wat bis elo feelt ass just nach de politesche Welle vun de Regierungsparteien.
Onofhängegkeet, Gesellschaftskritik an Nationbranding – dat passt net zesummen
Eng Stad an der sech Kënschtler gären nidderloosse steet fir Fräiheet, fir Individualitéit, fir e bësse Verrécktheet a fir Onofhängegkeet. Kënschtler si – wéi all Mënsch – ëmmer en Deel vun der Gesellschaft an der Natioun an der si liewen. An hirem Beruff huelen si awer d’Roll vun engem Beobachter un. Aus dëser Positioun eraus ass et méiglech der Gesellschaft an der Politik e Spigel virzehalen; duerch e Bild, eng Skulptur, duerch Toun oder Beweegung loossen si erkennen, wat soss onbemierkt géing bleiwen.
Aus dësem Grond gesinn d’Piraten d’Integratioun vun der Konscht an den Nation Branding kritesch. Ouni dovun ze schwätzen, dass eng staatlech gelenkte Publicitéitscampagne nimools der Kreativitéit vun der lëtzebuergescher Kënschtlerszene gerecht ka ginn, ass d’gesellschaftlech Positioun vum Kënschtler ganz einfach net mat där vun z. B. engem Sportler ze vergläichen. E Sportler an enger Nationalequipe trëtt a Kompetitioune fir säi Land un. E Kënschtler, deen an engem Land wunnt, schafft dofir awer net fir dëst Land. D‘Ideal vum Kënschtler enthält a sengem Kär d’Element vun der Onofhängegkeet, vum kritesche Bléck an domat eben och d’Element vun der Distanz. D’Politik soll dofir suergen, dass Kënschtler déi Fräiraim zur Verfügung gestallt kréien, déi se brauchen, fir hier Konscht entfalen ze kennen, a fir de Rescht soll se sech zeréckhalen. D’Opdrécke vun engem nationale Stempel hëlleft kengem Kënschtler weider. Gutt Wierker schwätze fir sech a brauche keng national Marketingscampagne, déi hinnen a Punkto Kreativitéit villes nozestoen huet, fir op sech opmierksam ze maachen.
Ausbildungen am Beräich vun der Konscht grenziwwerschreidend fërderen
Lëtzebuerg sollt, wann et em d’Ausbildung vu jonke Kënschtler geet net nëmmen national denken. Europa an d’Groussregioun hunn eng Réi exzellent Héichschoule fir Konscht mat villfältege Studiëgäng ze bidden.
Eng Héichschoul zu Lëtzebuerg an d’Liewen ze ruffen, ass per se keng schlecht Iddi. Opgrond vun engem begrenzte staatleche Budget stellt sech awer d’Fro, ob d’Suen, déi an dëse grousse Projet investéiert misste ginn, net anescht besser genotzt kéinte ginn. D’Ausschreiwe vun ëmfaassende Stipendien, déi et jonke Kënschtler erméigleche géifen, Héichschoulen am Ausland mat internationaler Renommée ze besichen, ouni um Enn vun der Ausbildung mat engem Studiekredit an d’Beruffsliewe starten ze mussen, wär fir vill lëtzebuergesch Kënschtler méi eng grouss Hëllef, wéi d’Grënnung vun enger néier Héichschoul zu Lëtzebuerg. Dass Lëtzebuerger ob auslännesch Héichschoule ginn, ass an den Ae vun de Pirate keen Defizit, deen et duerch eng eege Schoul, déi sech mat vill Geld iwwer Joren eréischt etabléiere misst, ze behiewe gëllt, mee e Gewënn fir déi oppen an international Kultur vun eisem Land.