Kompetenze vum Ëmweltministère beim Bauen

Bei verschiddene Bauprojekter ass et d’Norm, dass Persounen, déi Bauhär sinn, nieft der Baugeneemegung vun hirer Gemeng och eng Geneemegung vum Kulturministère an/oder dem Ëmweltministère ufroe mussen. Den Ëmweltministère analyséiert notamment den Impakt vum Bauprojet op déi direkt Ëmwelt. Bei Neibauten ass dësen Impakt evident, well méi Fläche versigelt ginn. Bei existéierende Bauten, bei deenen d’Emprise scho virhanden ass a wou d’Immobilie u sech nëmmen transforméiert gëtt, ass den zousätzlechen Impakt éischter marginal, oder guer net ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Awéifern analyséiert den Ëmweltministère d’Baupläng vun engem Bauprojet, bei deem d’Emprise net verännert gëtt?

  2. Op wat fir Argumenter kann de Ministère sech baséieren, fir Projeten ze refuséieren, bei deenen d’Emprise net verännert gëtt?

  3. Wéi vill Refus’en huet den Ëmweltministère an de leschten 8 Joer bei Bauprojeten ausgeschwat? Bei wéi ville vun dëse Refus’en huet d’Emprise vum Gebai net geännert? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5242

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt