Zur Zäit gëtt d’Biergerpartizipatioun op Landes- a Gemengenebene getest, dëst mat Gremien wéi dem Klimabiergerrot oder Luxembourg in transition. Donieft ginn et um kommunale Niveau och d’Klimateams.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
- Wéi vill Gemengen am Land hunn ee Klimateam an d’Liewe geruff? Ass et méiglech, eng Lëscht vun dëse Gemengen ze kréien?
- Wéi vill Leit maachen insgesamt bei de Klimateamen mat?
- Wéi gesäit d’Zesummesetzung vum Klimateam aus, opgelëscht no Gemeng: • Prozentsaz vun “normale” BiergerInnen, • gewielte GemengevertriederInnen, • pensionéierte Beamten, • aktiv Beamten, • intern an extern Expären?
- Vu wiem ginn dës Gremien an der Reegel geleet, opgelëscht no Gemeng: • dem Buergermeeschter selwer, • engem Schäffen/enger Schäffin, • engem speziell dofir bezuelten externen Expär • oder engem Bierger/enger Biergerin?
- Wéi oft sinn déi eenzel Klimateamen zënter hierer Schafung zesummekomm?
- Wéi gëtt an de Sitzungen vum Klimateam den Ordre du jour bestëmmt?
- Um wéi vill Auer fannen d’Sitzungen an der Reegel statt a wéi laang daueren se am Duerchschnëtt (opgelëscht no Gemeng)?
- Wéi ënnerscheed sech d’Zesummesetzung an d’Aarbecht vum Klimateam vun de konsultative Kommissiounen, déi sech mam Thema Klima an Ëmwelt beschäftegen?
- Sinn d’Ministeren der Meenung, datt an engem kommunale Klimateam normal BiergerInnen d’Majoritéit vun der Equipp misste stellen?
QP Nummer 7069