Klimabonus Wunnen bis Enn 2024 weiderlafe loossen

Context:

Projet de loi n°8383 et n°8384

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • De Subside «Klimabonus Wunnen» 2022 iwwer 3200 Mol an 2023 iwwer 6500 mol ugefrot ginn ass; 
  • De Subside also ëmmer méi u Beléiftheet respektiv u Bekanntheet bei der Bevëlkerung gewënnt; 
  • Den «Top-up» (20% respektiv 25% méi) vun de Subside mat dem Projet de loi 8350 soll bis den 30ten Juni 2024 verlängert ginn; 
  • D’Regierung un enger Evaluatioun schafft a bis elo sech net kloer fir eng Verlängerung vun den «Top-up» ausgeschwat huet. 

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. De Subside «Klimabonus Wunnen» a senger jëtzeger Form bis Enn 2024 weiderzeféieren. Dëst fir sech méi Zäit bei der Evaluatioun ze ginn an am Kader vun der nächster Budgetsdebatt dann d’Pläng fir d’Zukunft virzeleeën. 

D’DP an d’CSV Deputéiert hunn eis Fuerderung ofgeleent.

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen