Wärend der Covid-19-Pandemie goufen och fir d’Sëtzunge vun de Gemengeréit hei am Land eng Rei Mesure geholl. Esou war et méiglech, dass e Mandataire per Visio konnt un enger Sëtzung deelhuelen. Dës Mesure sollt just bis den 1ten Abrëll 2023 gëllen. Duerno sollt dann nees op d’Reegele vu virun der Pandemie zréckgegraff ginn an eng Participatioun iwwert Visio net méi méiglech sinn. Et ass antëscht och esou, dass wann e Mandataire net un enger Sëtzung vum Gemengerot kann Deel huelen, en engem anere Member vum Gemengerot eng Procuratioun fir e Vote ka ginn. Bei dëser Procuratioun handelt et sech allerdéngs net ëm eng Procuratioun mat enger Précision du vote à prendre. De Mandataire, deen eng Procuratioun vun engem aner Mandataire krut, kann also no senger eegener Iwwerzeegung oder och willkürlech ofstëmmen, an eng Decisioun huelen, déi net am Interêt vum anere Mandataire war. Grad Mandatairen, déi als eenzeg:e Vertrieder:in vun enger Partei an engem Gemengerot vertruede sinn, hunn domat ee groussen Desavantage par rapport zu Mandatairen aus Parteien, déi mat méi Persoune vertruede sinn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Gouf dësen Desavantage bei den Iwwerleeungen, fir just eng einfach Procuratioun awer keng Procuratioun mat enger Précision du vote à prendre ze erlaaben, beduecht?
• Falls jo, mat wéi engen Argumenter begrënnt d’Ministesch hier Decisioun, obwuel dës vill Mandatairen uechtert d’Land benodeelegt?
• Falls nee, gëtt envisagéiert, fir an Zukunft och eng Procuratioun mat enger Précision du vote à prendre virzegesinn? -
Wärend der Covid-19-Pandemie goufen d’Gemengen obligéiert, fir dat entspriechend Material fir d’Gemengerotssëtzunge per Videokonferenz ofzehalen, zur Verfügung ze stellen. All Gemeng hei am Land misst also iwwert dat entspriechend Ekipement verfügen, fir och weiderhin eng Participatioun iwwert Visio kënnen ze garantéieren. Firwat ass et trotzdeem zënter dem 1ten Abrëll 2023 net méi méiglech, fir am Fall vun enger Verhënnerung per Visio un enger Gemengerotssëtzung deelzehuelen?
QP Nummer 20