Erneierung vun der Policeflott

L’Essentiel huet de 4. Februar 2022 geschriwwen, dass d’Police Grand-Ducal 96 néi dieselgedriwwen Déngschtween vum Modell “Ford S-Max” kaf huet. Dës Acquisitioun soll 4.96 Milliounen Euro kascht hunn, woubäi de järleche Budget fir d’Erneierung vun der Policeflott bei 5.3 Milliounen Euro leie soll.  An deem Zesummenhang hu mir der Regierung Read more…

Schéissstänn als Sécherheetsproblem?

Wéi een an engem Tageblatt-Artikel vum 29te Januar liese kann, gëtt et hei am Land Schéissstänn, wou Policebeamten, Zaldoten a privat Sécherheetsbeamte kënnen den Ëmgang mat Waffen trainéieren an taktesch Übungen maachen. D’Firma, déi d’Schéissstänn bedreift, bitt doriwwer eraus awer och Traininge fir Praktiken un, déi zu Lëtzebuerg net erlaabt Read more…

1G bei der Arméi

Mam aktuelle Covid-Gesetz kommen op d’Gesellschaft eng Hellewull u Reegelen zou, déi an de verschiddene Liewenssituatiounen ze respektéiere sinn. An deene meeschte Fäll gëllt den 2G oder den 2G plus. Bei der Arméi schéngt een allerdéngs scho méi wäit ze sinn, an nëmmen nach op den 1G ze setzen. Kandidate Read more…

Opstockung vun der Police

Den 27ten September huet de Policeminister zesummen mam Direkter vun der Regioun Capitale an dem Directeur central vun der Police ee Plang fir ee bessert Sécherheetsgefill fir de Bierger virgestallt. Laut dësem Plang sollen d’Beamten an den Komissariater an der Stad (Gare, Centre an Bounneweg) vu Beamten aus aneren Déngschter Read more…

D’Belsch, net Gambia, huet decidéiert de Lëtzebuerger A400M op Kabul ze schécken

De 15ten August 2021 hunn d’Taliban d’Haaptstad Kabul am Afghanistan ageholl. Nodeems den Defenseminister Bausch de 17ten August an engem RTL-Interview confirméiert huet, dass de Lëtzebuerger A400M géing agesat ginn, fir Rettungsflich vun Islamabad (Pakistan) op Lëtzebuerg ze fléien, hunn sech Froe par rapport zum Zäitplang an den “feelende Sécherheetslizenzen” (RTL) gestallt. D’Belsch Medien haten de schonn Read more…