Solaranlagen a Gréngzonen

Déi aktuell Majoritéit fërdert iwwert verschidden Instrumenter de Bau vu Solaranlagen zu Lëtzebuerg. Vill Leit sinn iwwerzeegt vun der Sonnenenergie a wëllen dofir och eng Photovoltaikanlag bauen. Mir gouf awer zougedroen, dass et speziell bei Gebaier, déi a Gréngzone stinn, méi komplizéiert ass, fir Solarpanels z’installéieren, well een hei nach Read more…

Recette vun der CO2-Steier

D’lescht Joer gouf hei am Land eng CO2-Steier agefouert, dëst am Kader vum nationalen Energie- a Klimaplang Lëtzebuerg fir den Zäitraum vun 2021-2030. D’Recetten aus dëser Steier soll laut offizieller Richtlinn an engem gewëssen Ausmooss och fir konkret Klimaschutzmoossnamen an eng Energiewend mat massiven Entwécklungen am Beräich vun den erneierbaren Read more…

Atomkraaftwierker bei dréchenem Wieder: wéi ass d’Situatioun zu Cattenom?

Déi franséisch Regierung huet viru Kuerzem eng Sondererlabnis fir 5 Atomkraaftwierker ginn, déi et de Kraaftwierker erlaabt, méi waarmt Killwaasser zeréck an d’Flëss ze leeden. Dës Sondererlabnis gëllt bis den 11te September. D’Atomkraaftwierk zu Cattenom ass zwar dovunner net betraff, mee och hei besteet een eescht ze huelende Risiko, dass Read more…

Waasser spueren am Summer: gëllt dat och fir Fussballfelder?

Wärend laangen Dréchenten am Summer kënnt et vir, dass d’Leit opgeruff ginn, Waasser ze spueren. Den 13te Juli 2022 hunn den Ëmweltministère an d’Waasserwirtschaftsamt eng “Phase de vigilance” aktivéiert, déi d’Waasserkonsomatioun betrëfft. Niewent Recommandatioune fir Privatleit enthält de Communiqué och en Appel un d’Entreprisen an d’Gemenge mat de Wieder: “Secteur Read more…

aktuelle Stand vun der Elektromobilitéit

Den deemolegen an aktuelle Mobilitéitsminister hat an engem Interview vum 16te September 2017 am Tageblatt ugekënnegt, dass bis d’Joer 2020 insgesamt 40000 Elektroautoen op eise Stroosse rulle sollen. An der parlamentarescher Fro n°1248 huet den aktuelle Mobilitéitsminister awer erkläert, dass dat Zil vu 40000 Elektroautoen zu Lëtzebuerg bis Enn 2020 Read more…

Waasserknappheet: D’Phase de Vigilance gouf declenchéiert

Gëschter, um 13.07.2022, hunn den Ëmweltministère an d’Waasserwirtschaftsamt e Communiqué eraus ginn, deen doriwwer informéiert, dass zu Lëtzebuerg opgrond vun den héijen Temperaturen an de feelenden Nidderschléi bis op Weideres eng “Phase de vigilance” declenchéiert gouf, déi d’Waasserkonsomatioun betrëfft. Niewent Recommandatioune fir Privatleit enthält de Communiqué och en Appel un Read more…