De Fligerticket um Flughafe bezuelen aplaz bei der Buchung: firwat eigentlech net?

An eisem Nopeschland Däitschland lafe wéinst dem Chaos op ville Fluchhäfen aktuell Diskussiounen doriwwer, fir d’Vorkassen-Prinzip bei Fluchbuchungen z’iwwerdenken. Aktuell ass d’Reegel, dass een säin Ticket am Viraus bezilt, wat engem zinslose Kredit un d’Airline gläichkënnt, esou déi däitsch Verbraucherzentrale an engem Artikel am Handelsblatt vum 24ten August. Deementgéint proposéiert Read more…

Busarrêt Rouscht-Luxlait

Viru kuerzem gouf de staatleche Busreseau (RGTR) komplett nei organiséiert an opgestallt. D’Ännerungen hunn zum Zil, dass den ëffentlechen Transport op der Strooss verbessert an doduerch méi attraktiv gëtt. Wéi genee den Impakt op d’Qualitéit vum Busreseau ass, wäert een an Zukunft gesinn, wann d’Passagéier um Terrain hir Meenung äusseren. Read more…

aktuelle Stand vun der Elektromobilitéit

Den deemolegen an aktuelle Mobilitéitsminister hat an engem Interview vum 16te September 2017 am Tageblatt ugekënnegt, dass bis d’Joer 2020 insgesamt 40000 Elektroautoen op eise Stroosse rulle sollen. An der parlamentarescher Fro n°1248 huet den aktuelle Mobilitéitsminister awer erkläert, dass dat Zil vu 40000 Elektroautoen zu Lëtzebuerg bis Enn 2020 Read more…

Elektroparkplazen

An engem Parkhaus vun enger Klinik zu Lëtzebuerg ginn et obligatoresch Parkplaze fir Elektroautoen, déi net mat Elektrobornen equipéiert sinn. Dës Parkplaze sinn am Ufank vum Parkhaus ausgezeechent an domat relativ wäit fort vun der Entrée. Hei stellt sech d’Fro, wéi d’Regierung zu Parkplaze steet, wou d’Besëtzer vun Elektroautoen sech Read more…

Autosplacken

Um Site vun der SNCA (Société Nationale de Circulation Automobile) ginn déi verschidde Formater vun Autos- a Motosplacken, déi zu Lëtzebuerg kënnen immatrikuléiert ginn opgelëscht. Fir déi Autosplacken, déi no 2003 ugefrot gi sinn, muss d’Konditioun erfëllt sinn, dass 5 Chifferen oder 2 Buschtawen a 4 Chifferen drop stinn. D’SNCA Read more…

Autobunnsopfaart bei Schengen

D’Autobunnsopfaart bei Schengen fir op d’A13 stellt verschidden Transport- a Logistikfirme virun eng brenzeleg Situatioun. Esou kéinten, laut Ministère, verschidde Camionen dës Opfaart net notzen, well se duerch hiert d’Gewiicht keng Mindestgeschwindegkeet fir op d’Autobunn géingen erreechen. Mengen Informatiounen no wieren dës Camionen awer capabel, fir déi ugefuerdert Vitesse z’erreechen, Read more…

Motoskontrolle

En Artikel vum RTL vum 27.05.2022 behandelt d’Thema vun der Legaliséierung vum Slalom fueren am Stau. Enger Ëmfro vum RTL 5minutes no hunn 73 Prozent dofir gestemmt, dass et als Motoradsfuerer erlaabt sollt sinn am Stau tëscht den Autoen ze fueren. D’Diskussioun ass ënnert anerem opkomm, well de Slalom am Read more…

Beschlagnahmung vun Fligeren

Wéi an däitsche Medien ze liesen ass, plangt d’USA d’Fligeren, déi am Besetz vum Roman Abramowitsch sinn, ze beschlagnamen. De “Warrant of Seizure” nennt dann och d’Gulfstream Maschinn LX-RAY, déi ënnert Lëtzebuergeschem Fändel flitt. Den amerikanesche Justizministère huet aktiv Schrëtt ugekënnegt, fir an de Besetz vun dëse Fligeren ze kommen. Read more…