Déiereschutz op Bauerenhäff

D’Déiereschutzorganisatioun Amiavy asbl beriicht an engem Post vum 27te Mee 2022 op de soziale Medien dovunner, dass rezent ee Bauerenhaff zougemaach gouf, wou Déiere jorelaang ënnert onwierdege Bedingungen hu misste liewen. D’Fotoe weise knaschteg Fudderstellen an ofgemagert Déieren. D’Awunner vun dësem Duerf hunn sech jorelaang fir d’Schléissung vun dësem Bauerebetrib Read more…

Schwéngshaltung um Fräiland

Ee groussen Deel vun eiser Gesellschaft erniert sech bal all Dag vu Fleeschprodukter. Dës setzt viraus, dass fir d’Fleesch fir d’Konsumenten hierzestellen massenhaft Déieren mussen ëmbruecht ginn. A villen Dokumentarfilmer, Reportagen an Zeitungsartikelen ass schonn iwwert dës Masseproduktioun beriicht ginn, déi op Déierentransporter, Schluechthaiser a vill Déiereleed baséiert. Des Weideren Read more…

D’EU-Pirate fuerdere méi steng Reegele beim Déierentransport

All Dag ginn Déieren duerch ganz Europa transportéiert an dëst vill ze oft a schlechten Zoustänn, wou d’Déiere weder genuch Plaz hunn, nach genuch Fudder a Waasser. D’EU-Parlament huet d’Situatioun analyséiert an elo an engem Rapport Recommandatioune fir den Déierentransport festgehalen. D’Parlament fuerdert an dësem Rapport ënnert anerem, dass d’Transportdauer op maximal 8 Stonne verkierzt gëtt, Read more…

Magasinn ‘Gudd!’

An der aktueller Nummer 9 vum Magasinn “Gudd!”, dat jo vum Landwirtschaftsministère erausginn an zum gréissten Deel och finanzéiert gëtt, sinn eng ganz Rei Annoncen déi direkt oder indirekt vum Staat inseréiert ginn. Hei e puer Beispiller: d’Antigaspi-Campagne (S. 9), d’Large Scale Testing-Annonce vun der Santé (S. 47), d’Annonce LUGA Read more…

Import vun exoteschen Villercher

Verschidde Papageienaarten si wéinst hire faarwege Plommen an dem Fait, dass si d’Stëmm vu Mënschen imitéiere kënnen, weltwäit beléift Hausdéieren. Leider sinn awer och d’Papageien vum Verloscht vun der Aartevillfalt betraff. Tëscht 1994 an 2003 goufe ronn 1,6 Millioune Papageien an d’EU importéiert, déi ënnert déi sougenannte CITES-Bestëmmunge falen, also Read more…