Wéi gëtt d’Sécherheet vum Gemengepersonal an de Gemengegebaier garantéiert?

Ee Gemengenhaus ass en ëffentlecht Gebai, dat fir all Bierger zougänglech ass. A ville Gemengegebaier ass et awer esou, dass Visiteuren, gréisstendeels onkontrolléiert a fräi duerch d’Gebai zirkuléiere kënnen. Am Verglach dozou ass a verschiddene Ministèren den Accès méi streng gereegelt. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe Read more…

Meteolux

De Méinden 21ten Februar huet Tageblatt bericht, dass d’Internetsäit vu Meteolux e puer Minutten nom Ausruffe vun der Alerte Rouge wéinst staarke Wandstéiss net méi erreechbar war. Laut Meteolux louch dësen Ausfall un enger Iwwerlaaschtung vum Server. Schonn d’lescht Joer wärend den Iwwerschwemmungen am Juli koum et zu technesche Problemer Read more…

Publikatioun vun de Froen vu Gemengeconseilleren

Nom Artikel 25 vum Gemengegesetz dierfen d’Gemengeconseillere schrëftlech Froen un de Schäfferot an de Buergermeeschter stellen. D’Gesetz gesäit een Delai vun engem Mount vir, bis eng Äntwert muss virleien. All aner Aspekter betreffend de Froe ginn an engem interne Gemengereglement gereegelt. Verschidde Gemenge publizéieren d’Froen an d’Äntwerten integral an transparent Read more…

Hygiènesproduiten fir Fraen

De 26ten November 2021 huet d’Ministesch fir d’Gläichheet tëscht de Geschlechter mat enger Mini-Entreprise aus dem Wolzerlycée een Apparat mat Hygiènesproduiten, wéi Binden an Tamponen, am Drop-In vun der Croix Rouge ageweit. Bei dësem Apparat kënnen d’Persounen, déi et brauchen, sech gratis Hygiènesproduiten huelen. D’Ministesch hat laut Lëtzebuerger Wort schonn Read more…

Null-Stonne-Kontrakter am kommunale Sektor

Mengen Informatiounen no gëtt a mindestens enger Maison Relais am Land d’Praxis ugewannt, dass Remplaçanten zu sougenannten “Null-Stonne-Kontrakter” agestallt ginn. Dat Besonnescht bei dëse Kontrakter ass, dass d’Mindestbeschäftegungsdauer bei null Stonne läit. Sou muss den Employé just aktiv ginn, falls den Employeur e Besoin artikuléiert. Dat féiert dozou, dass dës Read more…