Asaz vu Spionagesoftware géint Politiker an Aktivisten

Wéi d’Online-Plattform “the Citizens Lab” en Méinde matgedeelt huet, si mindestens 3 katalanesch EU-Deputéiert, 31 Deputéiert vu katalanesche Parteien, 3 Parlamentspresidenten an 2 Regionalpresidente vun de Spy-Softwaren Pegasus a Candiru ausspionéiert ginn. Villes déit drop hin, dass d’spuenesche Regierung hannert dëse Spionageattacke stécht. Mir Pirate sinn entsat iwwert dës Berichter Read more…

Sécherheet vum GPS System

GPS-Systemer gehéiere mëttlerweil zum alldeegleche Liewen, sief dat am Secteur vun der Schëffffahrt, der Fligerei, an eisen Autoen oder an Handyen. De Krich an der Ukrain wéisst awer, wéi ufälleg dës Kommikatiounsform ka sinn. D’EASA, d’europäesch Fluchsecherheetsagentur, huet am Mäerz gemellt, dass et a verschiddenen europäesche Regiounen zu Ausfäll vum Read more…

Meteolux

De Méinden 21ten Februar huet Tageblatt bericht, dass d’Internetsäit vu Meteolux e puer Minutten nom Ausruffe vun der Alerte Rouge wéinst staarke Wandstéiss net méi erreechbar war. Laut Meteolux louch dësen Ausfall un enger Iwwerlaaschtung vum Server. Schonn d’lescht Joer wärend den Iwwerschwemmungen am Juli koum et zu technesche Problemer Read more…

Emgang mat Kryptowallets

An der parlamentarescher Fro Nummer 5082 hunn d’Justizministesch an de Finanzminister erkläert, dass d’« Section Nouvelles Technologies » bei der Police schonn iwwert eege Wallets verfüügt, an deene Kryptowärunge gespäichert kënne ginn, déi beschlagnaamt goufen. Wann Kryptowärungen esou beschlagnaamt an aus dem Verkéier gezu goufen, stellt sech d’Fro, wat mat Read more…

Staatlech Spionagesoftware verbidden

An engem Communiqué vum 15te Februar huet de Contrôleur européen de la protection des données (CEPD) eng Analys zur Spionagesoftware “Pegasus” gemaach, déi vun der israelescher Firma NSO ausschliisslech u staatlech Institutioune verkaf gëtt.  De Staatstrojaner hat am Summer fir Skandaler gesuergt, well een Netzwierk vun internationale Journalisten erausfonnt hat, Read more…

Interferenzen vum 5G-Netz mat de Fluchradaren

Verschiddene Plattformen, dorënner aerotelegraph.com, aero.de an simpleflying.com, beriichten, dass verschidde Fluchgesellschaften hier Flich an d’USA fir de Moment agestallt hunn, well d’Landung, bedéngt duerch den Ausbau vum 5G-Netz, net zu 100% assuréiert ka ginn, speziell fir d’Boeing 777 a 747-8. aerotelegraph beschreift an engem Artikel vum 16te Januar 2022 d’Problemer, Read more…