Pelzverbuet an Europa – wéi gesäit et aus?

Zum aktuellen Zäitpunkt reegelt d‘lëtzebuergescht Déiereschutzgesetz, dass d’Produktioun vu Pelzer zu Lëtzebuerg verbueden ass. Dës Reegelung verbitt awer net de Verkaf vu Pelz, deen aus dem Ausland importéiert gëtt. Deemno gëtt d’Pelzindustrie an déi domadder agoend Déierequälerei an aner Länner verlagert.D’Ëmstänn, deenen d’Déieren an der Pelzproduktioun ausgesat sinn, stinn am Read more…

Versteeë vun Déieren

Op de soziale Medien annoncéiert een Dierwiechter fir dëse Samschdeg eng Stee, bei där 50 islännesch Päerd solle versteet ginn.  An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°4466 hat d’Regierung geäntwert, dass d’Déiereschutzgesetz d’Dignitéit vum Déier nach net op den Read more…

Handel mat Hai-Produiten

An engem rezenten Dokumentarfilm mam Numm “Seapiracy”, deen aktuell op enger bekanntener Streaming-Plattform ze gesinn ass, gëtt iwwert déi massiv negativ Konsequenze vun de Fëscherei-Industrie opgekläert. Am Documentaire gëtt och eng Praktik opgedeckt, déi ëmgangssproochlech “Finning” genannt gëtt, a bei där Haie geziilt gefëscht gi mam Zil, hinnen d’Flossen ofzeschneiden. Read more…

Wat kascht d’Juegd ?

An hirer Äntwert op parlamentaresch Fro N°4364 huet d’Ëmweltministesch Zuelen zum Wëldschued geliwwert a schreift, dass 2020 bal 570 000€ u Wëldschued entstane sinn. Dës Zuele kënnen och am technesche Rapport iwwert d’Juegd méi genee gekuckt ginn, dee vum Ëmweltministère verëffentlecht gouf. Och wann dës Zuelen, wéi d’Ministesch schreift, net Read more…

Import vun exoteschen Villercher

Verschidde Papageienaarten si wéinst hire faarwege Plommen an dem Fait, dass si d’Stëmm vu Mënschen imitéiere kënnen, weltwäit beléift Hausdéieren. Leider sinn awer och d’Papageien vum Verloscht vun der Aartevillfalt betraff. Tëscht 1994 an 2003 goufe ronn 1,6 Millioune Papageien an d’EU importéiert, déi ënnert déi sougenannte CITES-Bestëmmunge falen, also Read more…